John Russell Hind

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De John Russell Hind

Den John Russell Hind, an der Literatur och John R. Hind, gebuer den 12. Mee 1823 zu Nottingham a gestuerwen den 23. Dezember 1895 zu Twickenham) war e briteschen Astronom.

Den Hind gouf 1840 am Observatoire vu Greenwich als Assistent an der magnéitescher Ofdeelung agestallt. Hei huet hien ënner dem George Biddell Airy geschafft.

Am Joer 1844 huet hie sech un enger Expeditioun fir d'Bestëmmung vun der geographescher Längt zu Valencia a Venezuela bedeelegt.

Duerno schafft hien als Observateur am Privatobservatoire vum George Bishop am Regents Park. Do entdeckt hien tëscht 1847 an 1854 zéng Asteroiden souwéi e puer Koméiten. D'Benennung vu sengem Asteroid (Victoria) gouf kontrovers diskutéiert – bis dohi war et net normal, Asteroiden no nach liewege Leit ze benennen. Den Hind huet dorop higewisen, datt hien den Himmelskierper net no der deemoleger englescher Kinigin Victoria, mä no der réimesch Siegesgëttin genannt hat.

Den Hind berechent d'Bunne vu 70 Himmelskierper (Planéiten, Asteroiden a Koméiten). Doriwwer eraus beschäftegt hie sech och mat der Observatioun vu Verännerleche Stären, woubäi hien den déifrouden, variabele Stär R Leporis am Stärebild Lepus (Hues) souwéi d'Verännerlechkeet vum Stär μ Cephei am Stärebild Cepheus entdeckt. Weider entdeckt hie beim T Tauri am Stärebild Taurus (Stéier) e Gasniwwel, deem seng Hellegkeet verännerlech ass (Hinds verännerlechen Niwwel - den Niwwel reflektéiert d'Liicht vun engem verännerleche Stär). Déi vun him entdeckten Nova Ophiuchi 1848 (V841 Ophiuchi) am Stärebild Ophiuchus Schlaangendréier, war déi éischt Nova vun der Neizäit (zanter der Supernova vum Joer 1604.

Am bekanntste gouf den Hind allerdéngs als Editeur vun dem fir déi deemoleg Zäit fir d'Schëfffaart wichtegen Nautical Almanac, wou hie "Superintendent" tëscht 1853 an 1891 war.

Fir seng Leeschtunge krut den Hind 1853 d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society. Op der Paräisser Gedenkmënz vum Joer 1868, déi fir déi honnerst Asteroidenentdeckung geklappt gouf, ass den Hind nieft dräi weidere Méifachentdecker ofgebilt: Hermann Mayer Salomon Goldschmidt, Karl Theodor Robert Luther‎ an J. C. Watson.

Zu sengen Éiere gouf een Impaktkrater op dem Mound souwéi den Asteroid (1897) Hind no him genannt.

Asteroidenentdeckungen
(7) Iris 13. August 1847
(8) Flora 18. Oktober 1847
(12) Victoria 13. September 1850
(14) Irene 19. Mee 1851
(18) Melpomene 24. Juni 1852
(19) Fortuna 22. August 1852
(22) Kalliope 16. November 1852
(23) Thalia 15. Dezember 1852
(27) Euterpe 8. November 1853
(30) Urania 22. Juli 1854

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Astronomical vocabulary. London 1852
  • Introduction to astronomy. London 1863
  • On the expected return of the great comet of 1264 and 1556. London 1848
  • The solar system. London 1846
  • Descriptive treatise of comets. London 1859

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Russell Hind – Biller, Videoen oder Audiodateien