Johny Lahure

Vu Wikipedia
Johny Lahure
Gebuer 24. Mäerz 1942
Nidderkuer
Gestuerwen 23. November 2003
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP

De Johny Lahure, gebuer de 24. Mäerz 1942 zu Nidderkuer, gestuerwen den 23. November 2003, war e lëtzebuergeschen LSAP - Politiker.

Vun 1962 bis 1982 war hie Gewerkschaftssekretär vum LAV (zanter 1979 OGB-L).

Den 29. November 1974 ass hie Member vum Staatsrot ginn an ass dat zéng Joer laang bliwwen, bis hien den 20. Juli 1984 Member vun der Regierung gouf. Hie war deen éischte Gewerkschaftsfonctionnaire deen an déi Héich Kierperschaft komm ass.[1]

Vun 1976 bis 1977 war de Johny Lahure Gemengerot zu Beetebuerg.

1984 gouf hie Staatssekretär fir Wirtschaft an der Regierung Santer-Poos I. 1988 gouf hien zousätzlech zoustänneg fir Gesondheet.

1989 gouf hien an der Santer-Poos II-Regierung Gesondheetsminister, Minister fir Sozialversécherung a Sport- a Jugendminister.

An der drëtter Santer-Poos-Regierung, 1994, a vun 1995 un an der Regierung Juncker-Poos, war hie Minister fir Gesondheet an Ëmwelt. Am Februar 1998 huet hien demissionéiert, fir d'politesch Verantwortung fir déi sougenannt Dysfonctionnementer am Gesondheetswiesen z'iwwerhuelen.

Vun 1999 bis 2000 war hie Generalkommissär fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung "Expo 2000" zu Hannover.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale op der Säit 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Oktober 2022