Joint

Vu Wikipedia
Dréie vun engem Joint

En Joint och Haschzigarett (Englesch ausgeschwat) ass eng mat meeschtens Haschisch oder Marihuana an Tubak gedréint Zigarett.

Den Tubak gëtt mat Cannabis vermëscht an da mat engem Dréipabeier (Blietchen) zesummegerullt. Meeschtens gëtt nach e Filter aus Kartong gebaut, fir sou mann wéi méiglech Cannabis ze verléieren. Cannabis kann och puer am Joint gefëmmt ginn.

Allgemeng[änneren | Quelltext änneren]

Meeschtens ass en Joint e bësse méi grouss wéi eng Zigarett an triichterfërmeg (konesch). De Wierkstoffgehalt a Form vun THC (Tetrahydrocannabinol) ka jee no Quantitéit a Qualitéit vum Cannabis staark variéieren. An der Reegel schwankt d'Quantitéit vun Haschisch a Marihuana déi fir en Joint gebraucht gëtt tëscht 0,4 oder méi Gramm, woubäi manner erfuere Konsumente manner Cannabis an den Joint dréien.

Fir den Joint ze dréie gëtt et verschiddenen Zorten Zigrettepobeier. Meeschtens gi „Longpapers“ (extralaang Zigrettebliedercher) oder „rips“ (Markennumm; Endlospobeier vun der Rull) benotzt. Alternativ kënne méi normal Zigrettebliedercher zu engem groussen zesummegepecht ginn (Zweeblat, Dräiblat,…) Méi décke Pabeier huet den Nodeel, méi séier wéi de Cannabis ofzebrennen.

Dacks gëtt um dënnen Enn e „Mondstéck“, och „Filter“ oder „Base“ genannt (engl. „Tip“), a Form vun enger klenger Pabeierrull (z. B. aus dem Karton vum Zigrettepak oder engem Ticket gemaach) verschafft; dëst erhéicht souwuel d'Stabilitéit, wéi och d'Grëffegkeet vum Joint. Des Weideren déngt d'Längt vum „Tip“ der Ofkillung vum Damp. Dofir kann een och speziell „Tip-Tubes“ kafen, déi mat Aktivkuel gefëllt sinn. Aktivkuel soll Schuedstoffer aus dem Damp erausfilteren, ass awer duerchlässeg fir de Wierkstoff THC.

Variatiounen[änneren | Quelltext änneren]

En Joint kann op verschidde Manéiere gedréit (gerullt) ginn: Üblecherweis gëtt d'Blietchen, wéi och bei selwergedréiten Zigaretten, mat der Kliefsäit no uewen ëm den Joint gedréit. Bei der hollännescher Aart, och „eelaageg“, „backflip“, „inward“, „Fakie“, „Rembrandt“ oder „inside-out“ genannt, gëtt d'Blietche sou geluecht datt d'Kliefsäit no ënne weist. Da gëtt et mat e bëssen Übung eragedréit an de Pabeier un der Kliefsäit ugefiicht. Duerno gëtt de Pabeier deen iwwersteet ewechgebrannt oder erofgerappt, fir manner Pabeier matzefëmmen.

E „Stick“ ass en Joint, deen mat nëmmen engem normalen Zigaretteblietche gedréit zylindresch gëtt an da wéi eng selwer gedréinten Zigarett ausgesäit an normalerweis och diskreet wéi eng Zigarett gefëmmt gëtt.

De „Blunt“ ass u sech mat Joints vergläichbar, nëmmen datt se net als Mëschung, also mat Tubak, mä puer gebraucht ginn. Dofir gëtt keen normalen Zigarettenpobeier geholl, mä aromatiséiert Tubakblieder, änlech wéi déi vun enger Zigarett. Blunts gëtt et an alle méiglechen Aromen, wéi z. B. Kiischt, Äppel, Äerdbier, Hunneg, Schockela, Vanille asw. Dës Blieder hunn de Virdeel, datt et net sou „kraatzt“ am Hals.

Wierkung[änneren | Quelltext änneren]

D'Wierkung vun engem Joint variéiert jee no THC-Quantitéit vum bäigemëschte Marihuana a léisst sech aus ville Berichter vu fréiere Konsumente wëssenschaftlech rekonstruéieren. Et fält op datt am Feldversuch ganz dacks eng Sensibiliséierung vun alle Sënnesorganer wärend dem Rausch festgestallt gouf.

D'psychoaktiv Wierkung mat Tubak gläicht enger géier Kurv, déi dann iwwer 30 Min. offlaacht. Déi aktiv Wierkung vum THC ass awer 2 bis 6 Stonne méi laang. Verschidden Zousätz beim handelsgewinnten Tubak verstäerken d'Wierkung a verkierzen d'Zäit bis dës asetzt. Als sou een Zousaz gëtt och Amoniak geholl, deen den Transport vun de Wierkstoffer Nikotin an THC an d'Gehir beschleunegt.

Géintiwwer der Wierkung vun enger Bong, ass d'Wierkung vun engem Joint relativ schwaach, respektiv brauch ee fir déi selwecht Wierkung méi Hanfmaterial. Duerch déi lues Opnam vum Wierkstoff kënnt et beim Fëmme vun engem Joint och net zu engem plëtzleche Rausch.

Dréien[änneren | Quelltext änneren]

Fir en Joint ze dréie brauch een e bëssen Übung. Fir einfach Jointe gi meeschtens Longpapers an een aus engem Stéck Karton zesummegerullte Filter benotzt (Deckel vun engem Heft oder aus dem Zigarettepaak). D'Gemësch (Mëschung aus Tubak an Cannabis-Produiten) gëtt mam Filter op déi richteg Säit vum Blietche geluecht, an zum Schluss mat Fiichtegkeet zesummegepecht. De leschten Zentimeter virum Filter gëtt dacks als de sougenannten Tubakbuedem benotzt. Dësen ass net fir matzefëmme geduecht, mä soll verhënneren, datt ee mam fäerdeg gefëmmte Joint de Rescht Cannabis ewechgeheit.

Eng aner dacks ugewannt Method ass d'Stoppen, wou d'Blietche mam Filter fir d'éischt virgedréit gëtt (ouni Cannabis an/oder Tubak) an dann d'Mëschung no an no mat engem dënne Géigestand eragestoppt gëtt.

En Joint kann och mat enger spezieller „Dréi-Maschinn“ gemaach (gebaut) ginn.

An den hollännesche Coffeeshops gëtt et virgedréint Jointe mat enger fäerdeger Mëschung aus Tubak a Marihuana oder Haschisch ze kafen; heiansdo ginn awer och Jointen aus puerem Marihuana ugebueden.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lark-Lajon Lizermann: Der Cannabis Anbau: Alles über Botanik, Anbau, Vermehrung, Weiterverarbeitung und medizinische Anwendung sowie THC-Messverfahren ISBN 3037881348 Nachtschatten Verlag 2004
  • van Treeck, Bernhard: Drogen- und Suchtlexikon, Lexikon-Imprint-Verlag, Berlin, 2003, ISBN 3-89602-221-0
  • van Treeck, Bernhard: Das große Cannabis-Lexikon - Alles über die Nutzpflanze Hanf, Lexikon-Imprint-Verlag, Berlin, 2000, ISBN 3-89602-268-7
  • van Treeck, Bernhard: Drogen, Schwarzkopf & Schwarzkopf, Berlin, 2003, ISBN 3-89602-420-5
  • Hai & Rippchen, HANF-Handbuch, Botanik, Chemie, Anbau, Ernte, Globale Erzeugung & Nutzung als Faserpflanze, Kulturgeschichte des psychoaktiven Hanf, Einnahme, Wirkung auf Kopf & Körper, Erfahrungsberrichte, Hanf in der Medizin, Mythen, Hanf im Straßenverkehr, Urinproben, das holländische Modell, Zur Forschung heute, Die Entkriminalisierungs- und Legalisierungsdebatte, Verlag: Der grüne Zweig 173, ISBN 3-925817-73-5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Wikiquote: Joint – Zitater
Wiktionnaire: joint Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen
Wiktionnaire: Joint Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joint – Biller, Videoen oder Audiodateien