Jon Lord
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Jonathan Douglas "Jon" Lord, gebuer den 9. Juni 1941 zu Leicester a gestuerwen de 16. Juli 2012, war en englesche Komponist, Pianist an Organist, bekannt virun allem als Band-Member vun de Rock-Gruppen Deep Purple, Whitesnake, Paice, Ashton & Lord, The Artwoods an The Flower Pot Men.
Hien huet a sengem Spill gären Rock mat klasseschen oder Barock-Elementer verbonnen.