Jongléieren

Vu Wikipedia
Schema: Eng Kaskad mat 3 Bäll
E Jongleur mat 5 Bäll

Jongléieren ass eng traditionell Beweegungskonscht, déi doranner besteet, verschidde Géigestänn noeneen an dat méi Kéieren hannereneen an d'Luucht ze geheien an dann nees opzefänken, an zwar sou, datt zu all Moment op d'mannst ee Géigestand an der Luucht ass. Et kënnen dat kleng Bäll, Keelen, Reefer, oder soss Objete sinn. Deen dat mécht, ass e Jongleur.

Jongléiere gëtt dacks am Kader vu Varieté- oder Zirkusrepresentatiounen opgefouert; och Stroossekënschtler gräife gär dorop zeréck.

Zum Jongléiere ginn och aner Virféierunge vu geschécklechem Ëmgank mat Saache gezielt, wéi z. B. déi vun engem Diabolo oder engem Jo-Jo, oder d'Dréien-Doe vu Saachen op Staangen (woubäi et hei en Iwwergank gëtt zum Balancéieren, deen net liicht ze zéien ass).

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

Dat franséischt Wuert "jongleur" geet op dat laténgescht joculator zeréck, wat "Een, dee Jux, Witzer mécht" bedeit. "Jux" huet de selwechten Urspronk.

Referenzen[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jongléieren – Biller, Videoen oder Audiodateien