Jorge Sampaio

Vu Wikipedia
Jorge Sampaio
Gebuertsnumm Jorge Fernando Branco de Sampaio
Gebuer 18. September 1939
Lissabon
Gestuerwen 10. September 2021
Doudesursaach Otemnout
Nationalitéit Portugal
Educatioun Universitéit vu Lissabon
Aktivitéit Politiker, Affekot, Jurist

De Jorge Fernando Branco de Sampaio, gebuer den 18. September 1939 zu Lissabon an och do gestuerwen den 10. September 2021[1], war e portugiseschen Affekot a Politiker. Hie war vun 1996 bis 2006 Staatspresident vun der Portugisescher Republik.

A sengen Ufanksjoren als Affekot huet de Sampaio dacks politesch Gefaangener verdeedegt. No der Oeilletsrevolutioun, de 25. Abrëll 1974 huet hien de Movimento de Esquerda Socialista (MES; "Portugisesch Lénks Beweegung") gegrënnt, ma geschwënn duerno nees verlooss. 1978 gouf hie Member vun der Sozialistescher Partei (PS). 1979 gouf hien eng éischt Kéier an d'portugisescht Parlament gewielt. 1986 an 1987 war hie Fraktiounsleader vun de Sozialisten am Parlament. Vun 1989 bis 1991 war hie President vun der Partei. 1989 gouf de Jorge Sampaio och zum Buergermeeschter vu Lissabon gewielt, a blouf dat bis 1995.

1996 huet hie fir d'Presidentewale kandidéiert, huet dës am 2. Tour gewonnen a gouf den 9 Mäerz vereedegt. 2001 gouf hie fir weider 5 Joer erëmgewielt.

2006 gouf den Aníbal Cavaco Silva säin Nofollger.

De Sampaio war duerno Member vum Portugisesche Staatsrot a Member vum Club of Madrid, enger Organisatioun vu fréieren demokratesch gewielte Staatscheffen a Premierministeren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jorge Sampaio – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Portugal: De fréiere portugisesche President Jorge Sampaio ass gestuerwen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-09-10.