Joris Helleputte

Vu Wikipedia
Monument vum Joris Helleputte zu Maaseik

De Georges Augustin (Joris) Helleputte, gebuer zu Gent den 31. August 1852, a gestuerwen den 22. Februar 1925 zu Léiwen war e belschen Ingenieur a Politiker.

Den Helleputt hat en Ingenieursstudium am Génie Civil gemaach mat Schwéierpunkt Brécken a Weeër, an hien huet als Archtitekt a Professer zu Léiwen geschafft. 1898 gouf hie President vum Davidsfonds. Hie war och Matgrënner vum Boerenbond a war deem säin éischte President vun 1890 bis 1925. Hien hat och gehollef de Katholiek Vlaams Hoogstudentenverbond 1902 ze grënen.

Als Architect huet hien haaptsächlech zu Léiwen geschafft, awer och op anere Plazen an der Belsch wéi z. B. zu Diest, wou hien d'Pläng vun der Kruisherenkerk gemaach huet.

Vun 1889 bis 1924 war hien Deputéierte vum Arrondissement Maaseik. Hien hat verschidde Ministesch- Portefeuillen:

  • Minister vun der Post, Eisebunn an Telegraphie vun 1908 bis 1910.
  • Landwirtschaftsminister vun 1907 bis 1908, vun 1910 bis 1911 a vun 1912 bis 1918.
  • Minister vun den ëffentlechen Aarbechte vun 1910 bis 1911 a vun 1912 bis 1918.

1912 krut hien den Éierentitel Ministre d'État.

De Joris Helleputte war de Schwoer vum Frans Schollaert.