Jos Schummer (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Lokalpolitiker Jos Schummer. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jos Schummer.
Jos Schummer
Gebuer 20. November 1952
Biissen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Jos Schummer, gebuer 1952 zu Biissen, ass e lëtzebuergesche pensionéierte Privatbeamten a Gemengepolitiker.

De Jos Schummer war Conseiller an der Gemeng Biissen vun 1994 bis 2001 a vun 2005 bis 2011. Vun no de Gemengewalen 2011 bis zu sengem Récktrëtt am September 2019 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Biissen.

Hien ass Member vum Conseil supérieur de la musique, Grënnungspresident vun der Fédération luxembourgeoise des organisateurs d'événements musicaux a President vun de Soirées musicales de Bissen.

De Jos Schummer ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.