José Carreras

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De José Carreras zu London am Royal Albert Hall

De Josep Carreras i Coll, bekannt als José Carreras, gebuer de 5. Dezember 1946 zu Barcelona) ass e spueneschen Tenor. Hie gehéiert nieft dem Domingo an dem Pavarotti (an der Tëschenzäit verscheet) zu den Dräi Tenoren.

Säi Liewen [änneren]

De Carreras huet vir t'éischt Chimie studéiert, ass dunn awer 1963 zum Gesangsstudium beim Jaime Francisco Puigi um Conservatoire vu Barcelona iwwergewiesselt. Seng Debuten huet hien 1970 am Liceo, dem Operenhaus vu senger Heemechtsstad, am Verdi senger Oper Nabucco gemaach. 1971 huet hien de Verdi-Concours zu Busseto gewonn; duerops gouf hie vun der Madrider Oper engagéiert an ass fir t'éischt mat der Montserrat Caballé zu London am Donizetti senger Oper Maria Stuarda opgetratt.

Vun 1972 un, koum hien am Laf vu sengen Tourneeën an d'New York City Opera, den Teatro Colón zu Buenos Aires, d'Oper vu Chicago, d'Metropolitan Opera, d'Royal Opera House, d'Wiener Staatsoper an och den Scala (1972). No sengem internationalen Duerchbroch als lyrischen Tenor krut hien Invitatiounen aus Salzburg, Hamburg, München, Bréissel, San Francisco, London an anere Stied.

1987, um Héichpunkt vu senger Carrière, huet de Carreras eng akut lymphatesch Leukämie kritt. Géint d'kritesch Prognose vu sengen Dokteren konnt hien, no enger Knachenmuerch-Transplantatioun duerch den Nobelpräisdréier Edward Donnall Thomas zu Seattle, an no enger intensiver Behandlung, déi ee Jor gedauert huet, seng Krankheet iwwerwannen a seng Gesangcarrière rëm ophuelen.

Aus Dankbarkeet fir déi medezinesch Hëllef huet hien 1988 d'Fundación Internacional José Carreras para la lucha contra la leucemia (International Stëftung José Carreras fir d'Bekämpfung vun der Leukämie mat Haaptsëtz zu Barcelona gegrénnt. D'Stëftung ënnerstëtzt zënterhier d' Leukämiefuerschung. Vun 1995 un ass de José Carreras an dësem Sënn och iwwert seng Deutsche José Carreras Leukämie-Stiftung e.V. an Däitschland aktiv. Hir Benefizgalaën, déi vun der ARD-Télévsioun iwwerdroe ginn, sinn iwwer Däitschand raus bekannt.

Am Cader vu der Foussball-Weltmeeschterschaft 1990 huet sech, zesumme mam Plácido Domingo a Luciano Pavarotti, den Trio Dräi Tenoren forméiert, déi och ettlech CDen enregistréiert hunn.

Zënter 2006 ass de Carreras fir d'zweet bestuet. Aus sengem éischte Bestietnes huet hien e Fils an eng Duechter.

Répertoire an Interprétatiounen [änneren]

Dës Lëscht ass net vollstänneg.

Um Spaweck [änneren]

Commons: José Carreras – Biller, Videoen oder Audiodateien