Jos Koetz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Emile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard

De Jos Koetz oder Joseph Koetz, gebuer den 29. Mee 1897 a gestuerwen den 13. Juni 1976, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen, 1924 zu Paräis an 1928 zu Amsterdam vertrueden.[2]

Tëscht dem 28. August 1920 am 15. Abrëll 1928 huet de Jos Koetz 11-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt an dobäi 1 Gol geschoss.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]