Josef von Sternberg

Vu Wikipedia
Josef von Sternberg
Gebuer 29. Mee 1894
Wien
Gestuerwen 22. Dezember 1969
Hollywood
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA, Éisträich
Aktivitéit Filmregisseur, Filmediteur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Kameramann, Regisseur

De Josef von Sternberg, gebuer den 29. Mee 1894 zu Wien a gestuerwen den 22. Dezember 1969, mam richtegen Numm als Jonas Sternberg, war en éisträichesch-US-amerikanesche Filmregisseur.

Hien huet 1925 ugefaangen, zu Hollywood Filmer ze dréinen. 1930 huet hien an Däitschland Der Blaue Engel gedréint, deen éischten däitschen Tounfilm. Dësen hat e grousse Succès, an huet d'Marlene Dietrich zum Star gemaach. An de Joren duerno hu si, meeschtens an den USA, zesumme Filmer gedréint.

Seng Autobiographie huet den Titel Fun in a Chinese Laundry (1965), wouran en ongeblimmelt seng Meenung iwwer aner Regisseuren, Schauspiller a FIlmkritiker zum beschte gëtt.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]