Josep Comas i Solà

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Josep Comas i Solà

De Josep Comas i Solà (Katalanesch), gebuer den 19. Dezember 1868 zu Barcelona, Katalounien a gestuerwen den 2. Dezember 1937 och do war e katalouneschen Astronom. Hie war den éischte President vun der 1911 gegrënnter Sociedad Astrónomica de España y América.

De Comas y Solá hat sech intensiv dem Studium vun de Planéite Mars a Saturn zougedréit an hat och d'Rotatiounsdauer vun hinne bestëmmt. Schonn 1908 hat hien aus Observatioune vum Saturnmound Titan mam Teleskop erausfonnt, datt dësen vun enger Atmosphär ëmginn muss sinn.

Hie verfaasst a senger Carrière eng Rei vu populäre Bicher. Während senger Aarbecht entdeckt hie weider 11 Asteroide an de periodesche Koméit 32P/Comas Solá a war Matentdecker vum netperiodesche Koméit C/1925 F1 (Shajn-Comas Solá).

Him zu Éiere sinn d'Asteroiden (1102) Pepita (no sengem Spëtznumm Pepito) an (1655) Comas Solá genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]