Joseph Hansen (1874)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schrëftsteller Joseph Hansen. Fir aner Leit mam nämmlechten Numm, kuckt wgl. Joseph Hansen.
Joseph Hansen
Pseudonym Jean de Crécy, Pangloss
Gebuer 3. Januar 1874
Steesel
Gestuerwen 3. Dezember 1952
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
D'Sepp-Hansen-Schoul zu Steesel (2014).

De Joseph genannt Sepp Hansen, gebuer den 3. Januar 1874 zu Steesel, a gestuerwen den 3. Dezember 1952 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, deen op Franséisch geschriwwen huet.

De Joseph Hansen koum als eelst vu 16 Kanner, dovu 15 Jongen, an enger Bauerefamilljen op d'Welt. Säi Papp, den och Joseph geheescht huet, war Buergermeeschter vu Steesel. Hien huet säi Studium op der École normale supérieure de Paris gemaach. Tëscht 1899 an 1918 war hie Professer am Gymnase de Diekirch a vun 1918 bis 1939 am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg.

De "Sepp" Hansen, wéi e genannt gouf, huet aussergewéinlech vill Schrëftleches hannerlooss. Ënner dem Pseudonym Jean de Crécy huet hien an der La Voix des Jeunes an am Nanzeger Blietchen L'Est Républicain iwwer literaresch Theemae geschriwwen. An der Zeitung L'Indépendance luxembourgeoise ware seng méi philosophesch Artikelen ënner sengem "Schreifnumm" Pangloss ze fannen.

De Joseph Hansen war e grousse Verdeedeger vun der franséischer géint déi däitsch Sprooch. Hien huet Germaniséierung vu Lëtzebuerg gefaart, an huet dofir wärend dem Éischte Weltkrich den Alliéierte wichteg Informatioune vun däitsche Militärtransporter fir d'Westoffensiv, déi iwwer de Lëtzebuerger Schinnestrang goungen, duerch verschlësselt Zeitungsartikelen iwwermëttelt. En ettlech däitsch Iwwerraschungsugrëff konnten dowéinst konterkaréiert ginn. Et war den Däitsche kloer, datt d'Spioune vu Lëtzebuerg hu misse kommen. De Sepp Hansen a seng Mataarbechter, déi all Eisebunner waren, hunn ënner permanenter Liewensgefor agéiert.

Méi spéit, den 21. Februar 1921 krut hie vum Generalsekretär vun der Alliance française, dem Paul Labbé d'Croix de chevalier vun der Légion d'honneur fir seng Verdéngschter fir d'Verbreede vun der franséischer Sprooch a Kultur iwwerreecht.

Erzielungen oder Romaner huet de Joseph Hansen keng hannerlooss.

Zu Steesel ass d'Schoul no him genannt: École Sepp-Hansen.

Hie war de Grousspapp vum Jacques Hansen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph Hansen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen