Joseph Barbera

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Joseph Barbera, 1993

De Joseph Barbera, gebuer de 24. Mäerz 1911 zu New York, a gestuerwen den 18. Dezember 2006 zu Los Angeles war en US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.

De Barbera huet an den 1920er Jore fir d'éischt niewelaangscht Cartooner u verschidden Zäitschrëfte vekaf. Dono huet en als Gag-Auteur vun engem Zeechentrick-Studio geschafft. 1931 huet en ugefaang als Animateur ze schaffen.

1937 goung e bei d'MGM. Hei huet hien de William Hanna kennegeléiert. Zesummen hu si d'Aventurë vum Tom and Jerry erfonnt an och déi vun de Flintstones (dt: Familie Feuerstein; fr: Les Pierrafeu), the Jetsons, de Scoobi-Doo an dem Yogi Bear. 1955 huet e mam Barbera d'Hanna-Barbera-Studioe gegrënnt.

De Joseph Barbera ass den 18. Dezember 2006 am Alter vu 95 Joer zu Los Angeles gestuerwen, fënnef Joer no sengem Kolleg William Hanna.

[änneren] Bibliographesches

  • Ted Sennett: The Art of Hanna-Barbera. Fifty Years of Creativity, Viking Studio Books, 1989

[änneren] Kuriéises

Zu Jette, an der Haaptstadregioun Bréissel, gëtt et eng Strooss "Clos Tom et Jerry".

[änneren] Um Spaweck

Commons: Joseph Barbera – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen