Joseph Charles Namur
De Pierre Joseph Charles Namur, gebuer zu Iechternach de 25. Juni 1847, a gestuerwen de 25. Januar 1903 zu Zürich, war en Apdikter an der Stad Lëtzebuerg. Hie war de Fils vum Joseph Namur an den Enkel vum Jean-Pierre Namur.[1]
Den 31. Dezember 1868 ass hien zu Lëtzebuerg als Apdikter ugeholl ginn. Hien huet dono an der Apdikt vun sengem Grousspapp, der « Pharmacie du Cerf » zu Iechternach, geschafft. [2] 1875 huet hien d’Adler-Apdikt an der Stad kaaft, déi do am Joer 1838 vum Anatole Richard (1814-1882) [3] gegrënnt gi war.
Am Joer 1900 huet de Jos.-Ch. Namur sengem Fils Prosper Namur, gebuer zu Lëtzebuerg den 29. Oktober 1875, d’Apdikt iwwerlooss a sech an d’Schwäiz zréckgezunn.[4]
De Jos.-Ch. Namur war Member vun der botanescher Gesellschaft (Société de botanique). [5]
Bibliographie [änneren]
- Kugener, H. (2005): Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag : 653-1342. [J.C. Namur: S. 1129f]
- Liez, N. (1886): Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Avec une biographie du Docteur Félix Schaan. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 p. [J.C. Namur: S. 93; A. Richard: S. 115]
- Massard, J.A. (1992): Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur, Apotheker und Professor in Echternach. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul: 481-558. [J.C. Namur: S. 491].
- Toelle, A. (1920): Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Großherzogtum Luxemburg. Luxemburg, V. Buck, 19 p. [Hirsch-Apotheke: S. 10; Adler-Apotheke: S. 13f]