Joseph Clark

Vu Wikipedia
Joseph Clark
Gebuer 1834
Gestuerwen 1926
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Moler

Den Joseph Clark och nach als Joseph Clark, ROI bekannt, gebuer 1834 bei Dorchester am Dorset a gestuerwen 1926, war en englesche Moler.

De Clark huet Molerei zu London beim J.M. Leigh (*1808 †1860) geléiert, dee selwer e Schüler vum William Etty war (*1787 †1849). De Clarke huet vill Familljenzeenen, haaptsächlech mat Kanner, gemoolt, awer och Bibelzeenen.

Mat 23 Joer huet hie fir d'éischt seng Molereien an der Royal Academy ausgestallt an, mat Ausnam vun zwee Joer, huet hien iwwer 47 Joer duerno ëmmer do seng Biller presentéiert.

Wéi bei ville viktorianesche Moler kommen am Clark sengen Tableauen Zeene vu gutt situéierte Famillje fir oder, z. B., Chrëschtfeieren a Famillen. Dovun ass ee vun de bekanntsten Tableauen, A Christmas Dole, deen 1889 ënner der N° 444 fir d'éischt an der Royal Academy ausgestallt gouf.

De Clark huet 1876 zu Philadelphia e Gielche kritt fir seng Biller The Sick Child an The Nest. D'Chantrey Bequest huet zwee vu senge Biller kaaft: 1877 Early Promise an 1885 A Mothers Darling

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Royal Academy vun 1857 - 1904
  • British Institution
  • Royal Society of British Artists
  • Suffolk Street
  • Royal Institute of Oil Painters zu New Water
  • Color Society an der Grosvenor Gallery
  • Soss nach zu Birmingham, Dudley, Glasgow, Liverpool a Manchester.

Tableaue vum Clark sinn am Musée zu Sheffield ze gesinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph Clark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vu Moler (ausser Lëtzebuerg)