Joseph Duhr

Vu Wikipedia
Joseph Duhr
Gebuer 24. Abrëll 1907
Gestuerwen 29. Abrëll 1954
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Joseph Duhr (1907-1954)

De Joseph Duhr, gebuer de 24. Abrëll 1907 zu Nidderdonwen a gestuerwen den 29. Abrëll 1954 zu Buerglënster, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Schrëftsteller.

No senger Primärschoul zu Donwen huet de Joseph Duhr, deem säi Papp Bauer a Wënzer war, vun 1920 bis 1927 am Iechternacher Kolléisch studéiert an duerno am Seminär an der Stad. Den 30. Juli 1933 gouf hien zum Geeschtleche geweit. Den 1. Oktober 1933 koum hien als Kaploun op Schandel. Véierzéng Méint duerno ass hie Kaploun an der Méchelskierch um Fëschmaart ginn. Den 1. September 1940 krut hie seng Ernennung als Paschtouer zu Bruch (Miersch). Vum 1. September 1953 u war hie Paschtouer zu Buerglënster, wou hie knapps aacht Méint duerno onerwaart gestuerwen ass.

Am Mëttelpunkt vum Joseph Duhr sengem schrëftstelleresche Wierk, dat tëscht 1946 an 1950 stéckerchesweis an der Zäitschrëft "d'Letzebuerger Dueref" ënner der Rubrik "Wo' d'Rief lanscht d'Musel…" publizéiert gouf, stoungen d'Muselgéigend an d'Wënzer. D'Gesamtwierk vum Joseph Duhr ass 1987 vum Veräin "D'Frënn vun der Donwer Geschicht" eraus gi ginn. Hei fanne mer: Moselheimat. Der Roman zweier Winzersöhne, die auszogen., Briefe an einen Winzer, Plaudereien über Mosel und Weinbau an Huel mech mat. Nimm mich mit.

Op Initiativ vun deene selwechte "Frënn vun der Donwer Geschicht" gouf zu Nidderdonwen am "Bauereneck" ee Gedenksteen mat enger Erënnerungsplack aus Bronz fir de Joseph Duhr opgeriicht. Si ass de 15. November 2009 ageweit ginn.[1]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Wo' d'Rief lanscht d'Musel...: Gesamtwierk vum Donwer Dichter Joseph Duhr. [Buch zesummegestallt vum Jean Mersch, Nic. Duhr, Aly Schroeder, Jos. Lahr a Charles Ruppert; Entworf vum Deckel: Roby Moes]. D'Frënn vun der Donwer Geschicht (Ed.), Sankt-Paulus-Dréckerei, Lëtzebuerg 1987, 221 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Frënn vun der Donwer Geschicht: Virwuert. In: Wo' d'Rief lanscht d'Musel...: Gesamtwierk (1987), S. 7-8.
  • G. Goetzinger & C.D. Conter (2007): Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, Mersch 2007, 687 S. (Joseph Duhr: S. 130).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Marc Schoentgen: Denkmal zu Ehren des Dichters, Schriftstellers und Geistlichen eingeweiht. Niederdonven ehrte Joseph Duhr. Luxemburger Wort, Nr. 269, 18. November 2009, S. 37. Kuckt och: Erënnerung un den Donwer Dichter a Schrëftsteller de Paschtouer Joseph Duhr (1907–1954). [1]
Monument vum Joseph Duhr zu Nidderdonwen