Joseph Englebert de Rendeux

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Joseph Englebert de Rendeux, gebuer 1720[1] zu Léck a gestuerwen 1777 zu Roum, war e belsche Moler a Violonist.

De Joseph Englebert war dat véiert Kand vun zwielef, vum belsche Sculpteur a Moler Renier Panhay de Rendeux a senger Fra Gertrude Demeuse, deen d'Grafmonument fir de Grof Thomas II. an der Kierch vun Tënten sculptéiert huet.

Mat 24 Joer ass hien zesumme mam Henri Vernet op Roum gaangen, wou e wärend 5 Joer Schüler vum Joseph Vernet, dem Grousspapp vum Horace Vernet war.

Zu Roum gouf hie Geeschtlechen, a war Aumonier vum Baron de Breteuil, deen eng Zäit Ambassadeur vum Malteeseruerden zu Roum war, an duerno vum Prënz Berzonico, engem réimesche Senateur dee säi Palais um Kapitol hat.

Als Museker huet hie sech ëm d'Hausorchestere vun deenen Zwéi bekëmmert, an e puer Opere komponéiert[2].

Als Moler hat hien am Prënzepalais d'Wänn mat Marinebiller dekoréiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Annales 2004 vum Cercle Historique de Marche-en-Famenne. Aner Quelle gi 1719 un
  2. Hei feelen nach Detailer