Joseph Faber (Ingenieur)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ingenieur Joseph Faber. Fir aner Leit mat deemselwechten Numm, kuckt w.e.g. Joseph Faber. |
De Joseph-Charles Faber, gebuer de 15. Oktober 1862 an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 10. Oktober 1933,[1] war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Vun 1906 bis 1907 war hie Schäffen[2] a vun 1907 bis 1916 Buergermeeschter vun der Stad Réimech.
Hie war vun 1908 bis 1917 Deputéierten an der Chamber.[3]
Vum 19. Juni 1917 bis den 28. September 1918 war hie Generaldirekter (Minister) fir Landwirtschaft, Handel an Aarbecht an der Regierung Kauffman.[4]
Hie war dono vum 28. September 1918 bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.
Am Alter vun 71 Joer ass hien a sengem Haus an der rue des Dahlias gestuerwen a gouf den 12. Oktober 1933 zu Réimech begruewen.
De Joseph Faber war mat der Charlotte de Maringh bestuet.
Referenzen [änneren]
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 283 vum 10. Oktober 1933
- ↑ Nominatioun publizéiert am Mémorial N° 3 vum 13. Januar 1906, S. 41
- ↑ Als, Nicolas, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, ISBN 2-87954-021-6, S. 514
- ↑ Nominatioun publizéiert am Mémorial N° 51 vum 19. Juni 1917, S. 645