Joseph Fischer (Ingenieur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ingenieur Joseph Fischer. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Fischer.
Joseph Fischer
Gebuer 3. Mee 1856
Zéisseng
Gestuerwen 13. September 1937
Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
RWTH Aachen
Aktivitéit Ingenieur

De Joseph Fischer, gebuer den 3. Mee 1856 zu Zéisseng[1] a gestuerwen den 13. September 1937 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriellen.

Hien huet nom Ofschloss am Athénée de Luxembourg, zu Oochen 1880 den Diplom als Ingenieur mat der Mentioun 'ganz gutt' kritt.

Vun 1880 bis 1882 huet hien als Chimiste zu Monceau-sur-Sambre bei Charleroi geschafft[1].

Am Abrëll 1882 gouf hien als Chimiste vu Metz & Cie fir d'Schmelz zu Dummeldeng engagéiert[1].

1884 gouf hien den Direkter vun den Héichiewe vu Metz & Cie zu Esch-Uelzecht[1].

Vun 1896 bis 1900 war hien dunn Direkter vun der Société métallurgique d'Espérance-Longdoz zu Seraing[1].

Den 1. Januar 1901 koum hien zeréck op Lëtzebuerg a gouf Direkter vun der Schmelz vu Rodange[1].

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Biographie vum Joseph Fischer op der Websäit www.aachen.lu Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-12-27.
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Joseph Fischer am Tageblatt vum 14. September 1937