Joseph Flies

Vu Wikipedia
Joseph Flies
Gebuer 14. Mee 1910
Hunchereng
Gestuerwen 5. August 1998
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Geeschtlechen, Auteur

De Joseph Flies, gebuer de 14. Mee 1910 zu Hunchereng a gestuerwen de 5. August 1998 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Soziolog an Historiker; hie war Éierendoumhär (Chanoine) vun der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg.

De Joseph Flies huet säi Secondaire am Stater Kolléisch, am Collège des Jésuites vun Namouer an am Collège Saint-Paul vu Godinne gemaach an ass dunn an de Seminaire, op Léiwen an op Paräis (Institut Catholique) studéiere gaangen. 1940 huet hie säin Doktorat zu Léiwen mat der Thees: Le chômage intellectuel en Belgique[1] ofgeschloss. Duerno gouf hie Kaploun zu Ettelbréck. Nom Zweete Weltkrich gouf hie Professer an der Escher Handwierkerschoul a spéider Professer an Aumônier am Escher Meedercherslycée.

Hien ass virun allem fir seng Geschichtsfuerschungen, absënns iwwer Esch-Uelzecht an iwwer Ettelbréck, bekannt. Woubei säin Doktorat an der Soziologie (Louvain 1939) him d'Methodik ginn huet, fir am Opdrag vun der Famill vum verstuewene Professer Arthur Schon deem seng Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien 1500 bis 1800 komplett erauszeginn. Dës Chronologie ass dat bis haut am meeschten ofgeschriwent Buch vun engem lëtzebuergeschen Historiker[Source?].

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • nom Arthur Schon: Zeittafel zur Geschichte der luxemburger Pfarreien.[2]
  • Ettelbruck. Die Geschichte einer Landschaft (1970)[3],
  • Das andere Esch - Ein Gang durch die Geschichte der Stadt Esch an der Alzette (1979.)[4]
  • Der Johannisberg (1991).[5] (leider mat falschen Duerstellungen, z. B. iwwer d'Quell um Gehaansbierg)

Eierung[änneren | Quelltext änneren]

Zu Ettelbréck gouf eng Strooss no him genannt, d'Rue Abbé Joseph Flies.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://aleph.etat.lu:80/F/?func=direct&doc_number=000406887&local_base=LUX01
  2. http://aleph.etat.lu:80/F/?func=direct&doc_number=000033475&local_base=LUX01
  3. http://aleph.etat.lu:80/F/?func=direct&doc_number=000130953&local_base=LUX01
  4. http://aleph.etat.lu:80/F/?func=direct&doc_number=000136448&local_base=LUX01
  5. http://aleph.etat.lu:80/F/?func=direct&doc_number=000096724&local_base=LUX01