Joseph Hanck

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joseph Hanck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Ekonomist

De Joseph Hanck, gebuer ?.. a gestuerwen ?.., war e lëtzebuergesche Journalist an Ekonomist.

Wärend dem Zweete Weltkrich huet hien am Luxemburger Wort geschafft. Dat gouf him no der Befreiung reprochéiert an hie krut vum Epuratiounskommitee ee Schreifverbuet vun 1 Joer.[1],[2],[3]

Hie gouf duerno Redakter am Tageblatt, wou hien zoustänneg fir d'Wirtschaftssäit war. En huet och iwwer Konscht geschriwwen an en ettlech Bicher er erausbruecht.

Als Journalist hat de Joseph Hanck grouss Verdéngschter wéinst sengen Artikelen a Publikatiounen an der Zäit ëm 1952, wéi déi Héich Autoritéit vun der CECA sech zu Lëtzebuerg néiergelooss huet an hien d'Aarbecht vun den europäeschen Institutioune verfollegt a kommentéiert huet. Den Hanck war och am lëtzebuergesche Mouvement Européen engagéiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean Bernard, "Nazimethoden eines Journalisten", Luxemburger Wort, 9. Januar 1950
  2. Äntwert vum Hubert Clément un de Jean Bernard am Tageblatt vum 10. Januar 1950 op eluxemburgensia.lu
  3. Berichtigung wat d'Dauer vum Schreiwverbuet fir de Joseph Hanck ugeet am Wort vum 14. Januar 1950 op eluxemburgensia.lu