Joseph Hooton Taylor Jr.
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Joseph Hooton Taylor Jr., gebuer den 29. Mäerz 1941 zu Philadelphia ass een US-amerikaneschen Astrophysiker. Hie léiert op der Princeton University.
Den Taylor krut 1993 zesumme mat dem Russell Hulse den Nobelpräis fir Physik, fir d’Entdeckung vum Pulsar PSR 1913+16 an engem Duebelstäresystem. Duerch dee Pulsar konnt fir d'éischt den Energieverloscht duerch Gravitatiounswelle vermooss, an déi entspriechend Viraussoe vun der Allgemenger Relativitéitstheorie bestätegt ginn.
[änneren] Éierungen
- 1980: Dannie-Heineman-Präis fir Astrophysik
- 1981: MacArthur Fellowship
- 1991: Albert-Einstein-Medail
- 1993: Nobelpräis fir Physik
- 1997: Karl-Schwarzschild-Medail vun der Astronomischen Gesellschaft
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Joseph Hooton Taylor Jr. – Biller, Videoen oder Audiodateien |