Joseph II. (HRR)

Vu Wikipedia
Joseph II.
Titelen
Virgänger Franz I. Stephan
Nofollger Leopold II.
Biographie
Gebuer 13. Mäerz 1741
Hietzing
Gestuerwen 20. Februar 1790
Wien
Papp Franz I. Stephan
Mamm Maria Theresia vun Éisträich
Geschwëster Maria Karolina vun Éisträich, Marie-Antoinette vun Éisträich, Leopold II. (HRR)

De Joseph II., gebuer den 13. Mäerz 1741 zu Wien an do gestuerwen den 20. Februar 1790, war Keeser vum Hellege Réimesche Räich vu 1765 bis 1790 an Herrscher vun den éisträichesche Länner vu 1780 bis 1790.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph II. war den eelste Jong vun der Maria Theresia a vum Franz I. Stephan vu Loutrengen.

Hie war zweemol bestuet: vun 1760 bis 1762 mat der Isabella vu Parma a vun 1764 bis 1767 mat der Maria Josepha vu Bayern. Aus kengem vun den zwee Bestietnesser ass e männlechen Ierwen ervirgaangen. Nom Doud vu senger zweeter Fra huet hie sech ni méi bestuet.

Keeser ouni Muecht?[änneren | Quelltext änneren]

Schonn als Trounfollger ass hien inkognito als Grof vu Falkenberg duerch d'éisträichesch Länner gezunn, fir bei der Awunnerschaft Sympathien ze sammelen, déi awer eréischt posthum zu sengem Mythos bäigedroen hunn.

1764 ass hien, nach zu Liefzäite vu sengem Papp, dem Keeser Franz I. Stephan, a mat deem senger Zoustëmmung, zu Frankfurt zum Réimesch-däitsche Kinnek gewielt ginn.

1765, nom Doud vu sengem Papp, ass hie Keeser vum Hellege Réimesche Räich an offizielle Matregent vun den éisträichesche Länner ginn, ouni allerdéngs vill regéieren ze däerfen. D'Positioun vum Keeser war deemools reng dekorativ, a seng Mamm Maria Teresia huet guer net dru geduecht fir hien un d'Rudder ze loossen. Ausserdeem hat hien a bal alle Froen eng ganz aner Meenung wéi seng Mamm. D'Maria Teresia huet geeschteg nach am Zäitalter vun der Géigereformatioun gelieft, wärend de Joseph scho méi modern Iddien hat. No hirem Doud 1780 huet hie versicht déi Iddien ze realiséieren, allerdéngs op eng ondiplomatesch an iwwerstierzte Manéier.

Wéi hien onerwaart 1790 gestuerwen ass, koum säi jéngere Brudder Leopold II. op de Keesertroun.

De Joseph, en opgekläerten Absolutist[änneren | Quelltext änneren]

Hie gëllt als déi Figur vum opgekläerten Absolutismus. Fir hie war d'Regéieren en Déngscht um Staat, deen iwwer allem steet. An 10 Joer huet hie méi wéi 6.000 Dekreter an 11.000 Gesetzer erlooss.

Eenheetsstaat Éisträich[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph II. huet probéiert fir den Afloss vum Adel a vum Klerus zu Gonschte vun de Bierger a Baueren ze verdrängen. Sou huet hien 1781 d'Läifeegeschaft vun de Baueren opgehuewen. Déi adeleg Ständeversammlunge sinn zu Gonschte vu Staatsbeamten zeréckgedrängt ginn.

Hien huet och probéiert fir aus Éisträich en Eenheetsstaat, mat Däitsch als Eenheetssprooch, ze schafen an hie wollt déi fréier Speziellrechter vu senge Länner ofschafen.

Hien huet souguer drop verzicht fir sech zu Prag an zu Pressburg zum Kinnek vu Béimen an Ungarn kréinen ze loossen. All déi Bestriewungen hunn an den Éisträicheschen Nidderlanden Onrouen ausgeléist an hunn Ungarn un de Rand vun engem Opstand bruecht.

Den Eenheetsstaat, deen hie geplangt hat, sollt fir d'ganzt Liewe vu senge Bierger suergen, souzesoe vun der Wéi bis an d'Lued. De Staat sollt zum Beispill d'Begriefnesfeierlechkeete bis an de klengsten Detail reegelen (zum Beispill wéi vill Käerzen an der Mass unzefänke wieren). Hien huet souguer de Liefkuch verbueden, well ee sech domat de Mo verdierwe kéint.

Hien huet sech stur u säi Motto gehalen: "Alles fir d'Vollek - Näischt duerch d'Vollek".

Justizreformen[änneren | Quelltext änneren]

Allerdéngs huet d'Justiz bedeitend Fortschrëtter gemaach: 1783 sinn Deeler vum Bestietnesrecht kodifizéiert ginn, 1787 ass en neit Strofgesetzbuch erauskomm an d'Ausschaffe vun engem Biergerleche Gesetzbuch gouf ugefaangen.

Innen- a Wirtschaftspolitik[änneren | Quelltext änneren]

Ënner senger Regierung si merkantilistesch a physiokratesch Iddie verwierklecht ginn. D'Populatioun ass nëmmen als Reservoir vun Aarbechtskräften ugesi ginn. D'Moossname fir d'Bevëlkerungszuel ze hiewe passen an dat Schema. Virun deem Hannergrond ass zum Beispill och d'Ofschafe vun der Doudesstrof ze gesinn; d'Prisonéier si schliisslech fir d'Zwangsaarbecht gebraucht ginn.

Aussepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet eng expansiv Aussepolitik bedriwwen, mä war domat wéineg erfollegräich. D'Bedeelegung vun Éisträich un der Éischter Polnescher Deelung an de Gewënn vu Galizien goung op eng Initiativ vu Preisen zeréck, dat als Ausgläich fir d'Gewënner déi Russland duerch de Krich géint d'Tierkei erreeche konnt, e Korridor duerch Pole gefuerdert huet (fir Pommern an Ostpreisen ze verbannen). Fir dat z'erreechen, huet sech Preise missen un Éisträich wennen, wat 1771 e geheime Vertrag mat der Tierkei ënnerschriwwen hat, an domat Drock op Russland ausgeübt huet. Nodeem d'Katharina II. vun dësem Vertrag wousst, krut och Éisträich eng Offer fir bei der Deelung vu Pole matzemaachen. D'Initiativ fir d'Opdeelung goung also net vum Joseph II. aus, zemools well Éisträich Ufanks der 70er Joren aussepolitesch och net an der Lag war, den Toun unzeginn. Allerdéngs soll hien am Géigesaz zu senger Mamm keng Skrupele bei deem Handel gehat hunn.

Am Bayereschen Ierffollegkrich, wou ufanks geplangt war, Bayern un Éisträich unzeschléissen, an dofir de Wittelsbacher d'Éisträichesch Nidderlanden z'iwwerloossen, huet de Joseph sech misse mam Innviertel zefridde ginn.

1780 gouf hien als Alliéierte vun der Katharina II. an en erfolleglose Krich géint d'Tierke mat eragezunn.

Josephinismus[änneren | Quelltext änneren]

Am berühmste bleift allerdéngs seng Reliounspolitik, déi meeschtens gemengt ass, wann ee vu Josephinismus schwätzt. A sengem Toleranzpatent ass de Glawensmonopol vun der Kathoulescher Kierch gebrach ginn. D'Protestanten an d'Judden hunn hire Glawen däerfe praktizéieren, allerdéngs ass d'Prioritéit vun der Kathoulescher Kierch erhale bliwwen.

All déi Uerden, déi am vollekswirtschaftleche Sënn onproduktiv waren, sinn opgeléist ginn an hire Besëtz gouf agezunn. Aus dësem Erléis ass de Reliounsfong gespeist ginn, dee bis an d'20. Joerhonnert bestanen huet. Vun dësem Reliounsfong sinn d'Geeschtlech bezuelt ginn, déi deemno Staatsbeamte goufen.

Vill Feierdeeg an aner Kierchefester (Pilgerfaarten, Pressessiounen asw.) sinn ofgeschaaft gi mam Zil fir d'Aarbechtsproduktivitéit z'erhéijen.

Fazit[änneren | Quelltext änneren]

Seng historesch Perséinlechkeet bleift zweiwelhaft. Opgronn vun der Radikalitéit an der Iwwerstierztheet vu senge Moossnamen (déi jo deelweis op allerklenglechst Manéier an d'Liewe vum Eenzelen agegraff hunn) war hien zu Liefzäiten onpopulär, wann net verhaasst.

Ënner der Regence vu sengem reaktionären Neveu Franz I. ass seng Perséinlechkeet lues a lues verblatzt. Zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert gëtt hien engersäits als grousse Progressiven, anerersäits als paternalisteschen Despot behandelt.

Trotz allem war hien ee vun de wichtegsten éisträicheschen Herrscher, dee vill konstruktiv Usätz gesat huet an deen e bedeitende Reform- a Moderniséierungsustouss bruecht huet.

Seng Reformen[änneren | Quelltext änneren]

Staatswiesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ophiewe vun der Läifeegeschaft
  • Reliounsfräiheet
  • Zougänglechkeet vum Wiener Prater a vum Augarten fir d'Allgemengheet
  • Vereinfachung vum strenge Spueneschen Haffzeremoniel
  • "Schutzzölle" fir den Handel
  • Grondsteier fir den Adel
  • Versuch: Däitsch als Staatssprooch[1]

Soziales[änneren | Quelltext änneren]

  • Opriichte vu Spideeler a Schoulen
  • Grënnung vu Weesen- an Aarmenhaiser
  • Decisioun fir d'Kierfechter baussent de Stied unzeleeën, fir d'Grondwaasser ze schounen

Kierch[änneren | Quelltext änneren]

  • Grënnung vu Bistümer, Ännerung vun de Bistumsgrenzen
  • Grënnung vu Paren
  • Opléisung vu ville Kléischter
  • Reduzéiere vum peepstlechen Afloss
  • Verbuet vun den awergleewege Gebräicher vun der Kierch

Nokommen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Martin Votruba: The Law on the German Language in Administration. Slovak Studies Program, University of Pittsburgh.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Jean-Baptiste Determe

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • D. Beales, Joseph II. In the Shadow of Maria Theresia 1741-1780; Cambridge, 1987.
  • Hervé Hasquin, Joseph II - Catholique anticlérical et réformateur impatient 1741-1790; Bréissel (Éditions Racine), 2007. ISBN 978-2-87386-507-8
  • Karl Gutkas, Kaiser Joseph II. Eine Biographie; Wien (Zsolnay), 1989. ISBN 3-552-04128-1.
Virgänger:
Franz I. Stephan
Réimesch-däitsche Keeser
1765 - 1790
Nofollger:
Leopold II.
Virgänger:
Maria Theresia
Kinnek vu Béimen
1780 - 1790
Nofollger:
Leopold II.
Virgänger:
Maria Theresia
Kinnek vun Ungarn
1780 - 1790
Nofollger:
Leopold II.
Virgänger:
Maria Theresia
Äerzherzog vun Éisträich
1780 - 1790
Nofollger:
Leopold II.
Virgänger:
Maria Theresia
Friemherrscher vu Lëtzebuerg
1780 - 1790
Nofollger:
Leopold II.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph II, Holy Roman Emperor – Biller, Videoen oder Audiodateien