Joseph Jean Baptiste Neuberg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Joseph Neuberg

De Joseph Jean Baptiste Neuberg, gebuer den 30. Oktober 1840 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 22. Mäerz 1926 zu Léck, war e belsche Mathematiker vu Lëtzebuerger Ofstamung.[1]

De Joseph Neuberg ass en Ancien vum Atheneum wou en 1859 seng Première gemaach huet. Am Oktober 1859 huet en zu Bréissel seng Exame gemaach, fir als belsche Student ze gëllen, an duerno huet e säin Opnamexamen vun der École normale de Sciences zu Gent gemaach, wou en 1862 säin Ofschloss krut.

Vun 1887 bis 1910 war hie Professer op der Universitéit vu Léck. Seng Fachberäicher waren Analyse, Algeber, Geometrie an d'Grondlage vun der Mathematik. 1906 huet en déi belsch Nationalitéit ugeholl a gof an d'Académie royale de Belgique opgeholl, där hire President e vun 1911 u war.

Zwar huet den Neuberg keng nei Theorie entwéckelt, mä d'Mathematik verdankt him vill nei Detailer iwwert d'Geometrie vum Dräieck, déi hien iwwer Joren an Artikelen a Journale publizéiert huet. Zesumme mam Eugène Charles Catalan a mam Paul Mansion huet hie selwer zwéi Journale gegrënnt an erausginn: Nouvelle correspondance mathématique (1874 - 1880) a Mathesis (vun 1881 un).

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Neuberg took Belgium nationality in 1866, Artikel a Mac Tutor vum J. J. O'Connor an E. F. Robertson