Joseph Keup
De Joseph Keup, gebuer den 21. Mäerz 1891 zu Verviers a gestuerwen de 5. Abrëll 1981 zu Iechternach,[1] war e lëtzebuergesche Paschtouer an Dichter.
Hie gouf 1917 geweit a war Kaploun zu Diddeleng an zu Déifferdeng, tëscht 1928 an 1931 Paschtouer zu Wolwen, bis 1948 zu Bäerdref a bis 1952 zu Bech-Maacher. 1942 gouf hien am KZ Hinzert, dono am KZ Dachau inhaftéiert.[2]
Hie war vun 1975 bis zu sengem Doud Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.
De Joseph Keup huet, z.D. ënner dem Pseudonym Monni Joss, Stëmmungs- an Naturlyrik op Lëtzebuergesch geschriwwen, déi en ë. a. an der Nouvelle revue luxembourgeoisse (Academia), Luxemburger Wort, Die Ware, Arts et Lettres, An der Ucht an am Luxemburger Marienkalender publizéiert huet.[2]
Zu Bäerdref an an der Stad Lëtzebuerg gouf eng Strooss no him genannt. Zu Bäerdref beim Maartbësch steet och e Monument fir un hien z'erënneren.
Wierk [änneren]
- Gesamt-Lyrësch Wierk: I Rousen an Haartnol, II Sittidee - Sittidee, III Vom Karschnatz gesimmelt nei Gedichter. 1979.
Referenzen [änneren]
- ↑ Roger Muller, in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1., S.320.
- ↑ 2,0 2,1 Muller.