Joseph Leydenbach
De Joseph Leydenbach, gebuer de 16. September 1903 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 7. Januar 1997, war e lëtzebuergesche Banquier a franséischsproochege Schrëftsteller.
Inhaltsverzeechnes |
Säi Liewen [änneren]
No senger Première (1922) am Kolléisch huet de Joseph Leydenbach zu Antwerpen, Bréissel, Nanzeg a Bordeaux Droit an Economie studéiert. 1929 huet hie bei der BIL ugefaangen ze schaffen. 1947 gëtt hien do zum Direkter ernannt. 1948 koum säin éischt Buch eraus, Les Désirs de Jean Bachelin an eréischt 1970 säin zweet. Vun do u koume regelméisseg Romaner vun him eraus, bis 1989, wou e Sammelband vun 2 Novellen, Vie secrète, publizéiert gouf.
De Joseph Leydenbach war tëschent 1966 an 1976 President vun der Société des Ecrivains Luxembourgeois de Langue Française (S.E.L.F.)
Säi Wierk [änneren]
- Le Destin, Theaterstéck, gouf net verëffentlecht
- Les Désirs de Jean Bachelin, Roman, Éd. Corréa et Co., Paräis, 1948.
- Nadia, Theaterstéck, 1953.
- No Man's Land, Theaterstéck, 1953.
- Piccolo, Roman, Éd. de la Renaissance du Livre, Bréissel, 1970.
- Jeu d'Echecs, Roman, Éd. de la Renaissance du Livre, Bréissel, 1976.
- Baladins, Roman, Éd. La Pensée Universelle, Paräis, 1979.
- Histoire de Faux Pas, Roman, Éd. de la S.E.L.F., Lëtzebuerg, 1980.
- Le Procureur, Theaterstéck, Paräis, 1981.
- L'Otage, Roman, Éd. RTL, Lëtzebuerg, 1983.
- Octave au Paradis, Roman, Éd. Institut Grand-Ducal, section des arts et lettres, Lëtzebuerg, 1984.
- Griffes de Sorcières, Roman, Éd. Institut Grand-Ducal, section des arts et lettres, Lëtzebuerg, 1985.
- Vie secrète, Roman, Éd. Institut Grand-Ducal, section des arts et lettres, Lëtzebuerg, 1988.
Bibliographie [änneren]
- Frank Wilhelm 2003: Joseph Leydenbach 1903-1997. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 391-393. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.