Joseph Nicolas Delisle

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Joseph-Nicolas Delisle
Delisle Moundkrater(uewen) an Diophantus (ënnen), eng Foto vun Apollo 15

De Joseph-Nicolas Delisle, gebuer de 4. Abrëll 1688 zu Paräis an do gestuerwen den 11. September 1768, war e franséischen Astronom a Kartograph. Hie war de Jong vum Historiker a Geograph Claude Delisle an de jéngste Brudder vum Kartograph Guillaume Delisle.

Den Delisle gouf schonns 1715 Member vun der Wëssenschaftsakademie a gouf 1725 vum Zar Peter dem Groussen als Akademiker no Sankt Petersburg beruff, wou hien eng Schoul fir Astronomie gegrënnt huet.

Den Delisle huet festgestallt, datt de Reebou duerch d'Brieche vum Sonneliicht u Waasserdrëpsen an de Wolleke zoustane kënnt. Hien huet och un der Berechnung vun der Distanz tëschent Sonn an Äerd geschafft, andeem hie d'Merkurtransiten (Merkurduerchgank) an Venustransite (Venusduerchgank) observéiert huet. Hien huet och eng Gradeandeelung vun der Temperatur gemaach, déi no him genannt ass, d'Delisle-Skala.

1738 huet hien e véierbännegt Wierk iwwer d'Geschicht vun der Astronomie geschriwwen.

1747 ass hien nees op Paräis zeréck komm, wou hien den 11. September 1768 aarm a vergiess gestuerwen ass.

[änneren] Eierung

No him gouf e Moundkrater Delisle (Moundkrater) an e Bierg Mons Delisle um Äerdmound genannt (kuckt)

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie


[änneren] Um Spaweck

Commons: Joseph-Nicolas Delisle – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen