Joseph Noerden

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joseph Noerden
Gebuer 31. Mäerz 1927
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 2. Mee 1991
Berlin
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller

De Joseph Noerden, gebuer den 31. Mäerz 1927 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen den 2. Mee 1991 zu Berlin, war e lëtzebuergesche Schauspiller, Regisseur, Schauspill-Enseignant an Dichter.

De Joseph Noerden ass 1945 op Zürich Theaterschauspill studéiere gaangen, wou hie vun 1946 bis 1948 beim Bühnenstudio war. Vun 1949 bis 1953 war hie beim Bertolt Brecht sengem Berliner Ensemble zu Ost-Berlin ugestallt. Vun 1953 bis zu sengem Doud war e beim Schillertheater - Staatliche Schauspielbühnen Berlin.

Hien huet och a Kinos- an Televisiounsfilmer matgespillt, a koum tëscht den 1950er an 1970er och alt ëmmer nees op Lëtzebuerg, wou en ë. a. am Kasemattentheater matgespillt an och Regie gefouert huet.

De Joseph Noerden huet och Gedichter geschriwwen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Corinna Schmidt (DDR 1951) vum Arthur Pohl.
  • Der Hauptmann und sein Held, (BRD 1955), vum Max Nosseck, schwaarz-wäiss,
  • Lieb Vaterland magst ruhig sein, vum Roland Klick,

Regie[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Winterholz (1988)
  • Karten aus Berlin (2001)

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Limpach: "Joseph Noerden am Berliner Ensemble (1949-1953)." In: Les Cahiers luxembourgeois 2016, n°1, p. 85-121.
  • Jérôme Netgen: "'Lieber Noerden! Ein paar kleine Notierungen!': von der Alzette an die Spree: Joseph Noerden (1927 - 1991), eine Schauspielerkarriere in Berlin." In: Tageblatt 2002, Nr. 193 (21. August), S. 24, Nr. 194 (22. August), S. 23.
  • Nic Weber: "Joseph Noerden zu seinem 65. Geburtstag" in: Les Cahiers luxembourgeois (1992), Nr 3. Säiten 121-124.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Remise de médailles à des personnalités de la vie culturelle am Luxemnburger Wort vum 26. Juni 1979 op der Säit 5 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022