Joseph Probst

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
"La nuit de pénitence", 1994.

De Joseph Probst, gebuer den 18. November 1911 zu Veianen a gestuerwen den 8. Juli 1997 zu Jonglënster, war e Lëtzebuerger Moler. Hien huet Zeechnungen, Uelegbiller, Keramik, Fënsteren a Mosaiker realiséiert a gëlt als ee vun de bedeitenste Kënschtler aus dem 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg.[1]

Hien ass de Brudder vum Émile Probst.

Inhaltsverzeechnes

Ausbildung a Liewenslaf [änneren]

No senge Première (1931) am Stater Kolléisch huet de Joseph Probst sech als fräie Schüler an der Handwierkerschoul ageschriwwen (1931-1932), wou hien Zeechnen a Molerei mat Uelegfaarwe geléiert huet.

Vun 1932 bis 1934 huet hien op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel, an duerno, vu 1934 bis 1935 op der Akademie der bildenden Künste zu Wien studéiert. 1937 huet hien de Joseph Kutter kennegeléiert, deem seng Aarbechten hie besonnesch beandrockt hunn. 1938 huet hie säin Exame gepackt fir Zeecheprofesser zu Lëtzebuerg ze ginn. Hien huet awer ni an deem Beruff geschafft.

1938 geet en nees op Bréissel fir an der École supérieure des arts décoratifs bis 1940 Maueremolerei ze studéieren.

Am Zweete Weltkrich lieft de Probst zu Jonglënster, wou hie seng éischt Wierker als fräischafende Kënschtler realiséiert.

1948 huet hien, zesumme mat de Kënschtler François Gillen, Victor Jungblut a Lucien Wercollier am Cercle municipal an Stad Lëtzebuerg um éischte Salon de la nouvelle équipe ausgestallt.[2]

De Joseph Probst war während senger Schafenszäit finanziell onofhängeg, dat well hie vun der Famill vu senger Fra Colette Probst-Wurth, déi selwer Kënschtlerin war, ënnerstëtzt gouf.[1]

Säi Wierk [änneren]

An de Joere vum Zweete Weltkrich zeechent de Probst Portraite mam Bläistëft, Nature-morten an Akten.[1]

No 1945 rich fillt hie sech vun der École de Paris inspiréiert a gëtt no an no ee vun den äifregste Moler an der Abstrakter Konscht zu Lëtzebuerg. 1954 ass hie Matgrënner vun Les Iconomaques, an duerno och Member vun der Nouvelle équipe.[1]

Ëm 1963 realiséiert hien, zesumme mam Michel Stoffel a François Gillen, d'Mosaiker op der Haaptfassad vum Stater Kolléisch.[3]

1971 hält de Probst op mat der Uelegmolerei a moolt duerno nëmme méi mat Acrylfaarwen.[1]

Ufank der 1980er Joeren moolt hien eng Série Tableauën déi him vun de Lidder aus der däitscher Romantik inspiréiert goufen.[1]

Auszeechnungen [änneren]

1960 krut de Probst de Marzotto-Präis, déi Zäit ee vun de renomméierste fir zäitgenëssesch Konscht.

Wierker [änneren]

Retrospektiv Ausstellungen [änneren]

  • 1991 am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht bei Geleeënheet vum 80. Anniversaire vum Kënschtler. Et goufen eng 50 Biller vum Probst gewisen.[1]
  • 2011-2012 am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (November 2011-Mäerz 2012) an am Cercle-Cité (Novembre 2011-Enn Januar 2012).

Literatur [änneren]

  • Eischen, L., 2007. Joseph Probst. Les collections luxembourgeoises du Musée national d'histoire et d'art. ons stad 86, S. 61-63. [1]
  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 66-67)
  • Nowara, M., 2011. Joseph Probst (1911-1997). In: Musée national d'histoire et d'art, Joseph Probst 1911-1997. 100e anniversaire. Katalog vun der duebeler Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an am Cercle-Cité vum 18.11.2011-25.03.2012 (ouni Säitenzuel).
  • Musée national d'histoire et d'art, 2011. Joseph Probst 1911-1997. 100e anniversaire. Katalog vun der duebeler Ausstellung am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an am Cercle-Cité vum 18.11.2011-25.03.2012. Ouni Säitenzuel. ISBN 978-2-87985-173-0
  • Rolland, M.-L., 2011. Centième anniversaire de la naissance de Joseph Probst (1911-1997). Un artiste aux multiples facettes. Le Musée national d'histoire et d'art et le Cercle Cité de Luxembourg présentent une double exposition. Luxemburger Wort vum 18. November 2011, S. 18-19.

Kuckt och [änneren]

Referenzen an Notten [änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 Luxemburger Wort vum 18. November 2011, S. 18-19
  2. Luxemburger Wort vum 22. Mee 1948, S. 2 (Link)
  3. Cf. d'Nimm vun de Kënschtler op de Mosaiker um Kolléisch.