Joseph Simon

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Joseph Simon
Gebuer 30. August 1886
Wolz
Gestuerwen 23. September 1954
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker


De Philippe Joseph Simon, gebuer den 30. August 1886 zu Wolz an do gestuerwen den 23. September 1954[1], war e lëtzebuergesche Brauereisbesëtzer a Politiker.

Bei de Partielle Chamberwale vum 7. Juni 1931 gouf de Joseph Simon mat 15.683 Stëmmen am Walbezierk Norden als Deputéierten an d'Chamber gewielt[2]. Hien ass bei de Chamberwalen 1937 erëmgewielt ginn a sou bis 1945 Deputéierte bliwwen. Den 12. Mäerz 1945 gouf hien als fréieren Deputéierten an d'Assemblée consultative genannt.

Hie war vun 1935 bis de Juli 1941 a vu September 1944 bis den Dezember 1945 Buergermeeschter vun der Gemeng Wolz[3].

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Joseph Simon op www.deltgen.com
  2. Resultat vun de Chamberwale vum 7. Juni 1931 am Tageblatt vum 11. Juni 1931 an am Luxemburger Wort vum 11. Juni 1931
  3. Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Gemeng Wolz um site vun der Gemeng Wolz
  4. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen