Joseph Tockert

Vu Wikipedia
Joseph Tockert
Portrait vum Joseph Tockert op enger Tak um Gaalgebierg zu Esch-Uelzecht
Gebuer 19. August 1875
Dummeldeng
Gestuerwen 19. Februar 1950
Monte-Carlo
Aktivitéit Lexikograph, Lycéesprofesser

De Joseph Tockert, gebuer den 19. August 1875 zu Dummeldeng, a gestuerwen den 19. Februar 1950 zu Monte-Carlo, war Anglizist, Professer am Athenäum, Grënner an éischte President vun der Luxemburgische Sprachgesellschaft ("Gesellschaft für Sprach- und Dialektforschung") (1924).

Hie gëllt als Grënnungspapp vun der Studentebeweegung a vum Scoutissem zu Lëtzebuerg; als Lyceesstudent war hien 1890 Matgrënner vun der pennaler "Landsmannschaft" a spéiderer studentescher "Ferialverbindung" Amicita Luxemburgensis an als Lyceesprofesser huet hien 1914 mat senge Schüler déi éischt Scoutegrupp am Groussherzogtum gegrënnt. 1934 koum säi Wierk Zur Luxemburgischen Studenten-, Pennäler- und Schulsprache eraus an deem hie sech mat der Jugendsprooch vu Studenten, Lyceesstudenten a Schüler befaasst.

De Joseph war e lëtzebuergesche Fräimaurer.[1]

Zu Hollerech ass d'rue Joseph Tockert no him benannt; si verbënnt d'rue Alphonse Munchen mat der rue Antoine Meyer.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Tockert huet sech op d'Lexikographie konzentréiert, dat heescht op d'Erstelle vu Wierderbicher. A senger éischter Ënnersichung befaasst hie sech mat de romaneschen Elementer am Lëtzebuergeschen. Spéiderhi beschäftegt hie sech mat Gruppejargon a Sonnersproochen z. B.Jéinesch, Studentesprooch.

Seng Texter[änneren | Quelltext änneren]

  • Tockert, Joseph: Romanische Lehnwörter in der Luxemburger Mundart: etymologische und kulturhistorische Beiträge zum Luxemburger Wörterbuch. Hrsg.: Beffort, Jos (1910)
  • Tockert, Joseph: Das Weimerkircher Jenisch auch Lakersprache oder Lakerschmus genannt. Eine Händlergeheimsprache., in: Vierteljahresblätter für luxemburgische Sprachwissenschaft, Volks- und Ortsnamenkunde, 1938, Heft 12-13, Linden, Lëtzebuerg
  • Tockert, Joseph: Zur Luxemburgischen Studenten-, Pennäler- und Schulsprache, 1934.
  • Dat selwecht mat verbessertem Jéinesch-Wierderbuch an de Les Cahiers Luxembourgeois 1949, Hefter 2-6, Hrg. Raymon Mehlen
  • dat selwecht, nei eräusbruecht 1989 vun Éditions Emile Borschette, Chrëschtnech.
  • Nodrock vun der Versioun vun 1949, 2003, Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht ISBN 2-87953-611-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quelques francs-maçons luxembourgeois célèbres | Grande Loge de Luxembourg. www.grande-loge.lu. Gekuckt de(n) 2023-04-11.