Joseph de Ferraris

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den de Ferraris, ëm 1784
Maastricht op der topographescher Kaart vum De Ferraris

De Grof Joseph Jean François de Ferraris, gebuer den 20. Abrëll 1726 zu Lunéville a gestuerwen den 1. Abrëll 1814 zu Wien, war en adelegen Offizéier an der éisträichescher Arméi a Feldmarschall an den Éisträicheschen Nidderlanden. Hien ass virun allem fir déi Sammlung vun topographesche Kaarte bekannt, déi ënner senger Supervisioun ausgeschafft goufen, an déi ongeféier déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg ofdecken (haut ënner Carte de Ferraris oder Carte de Cabinet des Pays-Bas autrichiens bekannt).

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Famill Ferraris koum aus dem Piemont, mä hie selwer ass a Loutrengen gebuer. Mat 9 Joer gouf hien zu Wien Page vun der Keeserin Amalia, der Witfra vum Josef I.

Bis 1793 huet hien an der éisträichescher Arméi Carrière gemaach a war bei verschiddene Schluechten am Éisträicheschen Ierffollegkrich dobäi, wéi z. B. 1742 an där bei Chotusitz, wou en uerg blesséiert gouf. Am selwechte Joer gouf hien zum Leitnant befërdert, 1750 zum Majouer. Och am Siwejärege Krich huet hie sech geschloen. 1758 krut hien d'Kommando iwwer d'Infanterie-Regiment Karl Prinz von Lothringen, mat deem hien de 14. Oktober 1758 bei der Schluecht bei Hochkirch mat dobäi war. Hie gouf dofir mam de Maria-Theresia-Uerde belount.
In 1767 huet de Keeser Joseph II. hien zum Generaldirekter vun der Artillerie an den Éisträicheschen Nidderlanden nomminéiert, a 1775 gouf de Ferraris als Gouverneur op Dendermonde geschéckt. Wéi am Oktober 1789 d'Brabantesch Revolutioun ausgebrach ass, war de Ferraris ee vun de Commandanten, déi se néiergeschloen hunn.

1793 ass de Ferraris aus der Arméi ausgetrueden an huet ugefaangen, Kaarte vum Éisträichesche Keeserräich auszeschaffen. Dobäi huet hie sech ë. a. en Numm als Kartograph vun den Éisträicheschen Nidderlanden an dem Prënzbistum Léck gemaach. D'Kaartesammlung ass haut als Carte de Ferraris bekannt.

De Grof de Ferraris, dee Fräimaurer war, war mat der Mariette d'Ursel (1743-1810), der Duechter vum Herzog Charles d'Ursel, bestuet. Se haten eng Duechter, déi sech 1799 mam Grof Franz Zichy bestuet huet.

Den de Ferraris ass am Alter vun 88 Joer zu Wien gestuerwen.

D'Carte de Ferraris[änneren | Quelltext änneren]

D'Carte(s) de Ferraris (och: Carte de Cabinet des Pays-Bas autrichiens oder Atlas Ferraris) ass eng Kollektioun vun topographesche Kaarten, déi sech aus 275 handgemoolte Blieder am Moossstaf 1:11.520 an enger Gréisst vu ronn 90 cm x 140 cm zesummesetzt. Do dobäi kommen 12 Bänn mat militäreschen an economesche Commentairen. De Ferraris hat se tëscht 1771 a 1777 am Optrag vun der Maria Theresia an dem Keeser Franz II. ausschaffe gelooss, fir se dem Charles de Lorraine, deen déizäit Gouverneur vun de Provënze war, ze schenken.

Déi Ausgab sou wéi déi zwee aner Kaartewierker, goufe 1794, op Wien iwwerfouert. Den Traité vu Saint-Germain-en-Laye vum 10. September 1919 huet der Belsch d'Méiglechkeet ginn, fir bei der Commission de réparations veschidden Dokumenter, déi d'Éisträicher matgoe gelooss haten, wéi se sech 1794 aus dem Stëbs gemaach haten, zréckzefroen. Sou koum dem Charles de Lorraine säin Exemplaire nees 1922 hannescht op Bréissel.

1777 a 1778 huet de Ferraris eng manner detailléiert Versioun erausginn, déi ee konnt am Handel kafen. Dës bestoung aus 25 Béi am Moossstaf 1 : 86.400.

Dem Ferraris seng Kaart ass haut e wichtegen Temoignage dovun, wéi déi haiteg Belsch a Lëtzebuerg virun der Industrieller Revolutioun ausgesinn hunn.

Zanter 2009 ass en Atlas mat de Ferraris-Kaarten am Handel ze kréien. E gouf zesummegestallt an Zesummenaarbecht vun der Bibliothèque royale de Belgique, dem belschen Institut géographique national an den Editiounshaiser Lannoo a Racine. Et ass e Fac-similé vun der handgemaachter Versioun genannt Carte de Cabinet am Moossstaf 1 : 11.520. Et ass allerdéngs kee kamoud Stéck, seng Dimensioune sinn 52 x 41 x 5,5 cm, an e weit eppes iwwer 11 Kilo.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferraris – Biller, Videoen oder Audiodateien