Joseph von Fraunhofer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Joseph von Fraunhofer

De Joseph Fraunhofer, zanter 1824 Ritter von Fraunhofer, gebuer de 6. Mäerz 1787 zu Straubing a gestuerwen de 7. Juni 1826 zu München war en däitschen Optiker, Physiker an Astronom. Hien hat am Ufank vum 19. Joerhonnert de wëssenschaftlechen Teleskopebau gegrënnt. En Objektivtyp, d'Fraunhofer-Objektiv, gouf no him genannt.

Seng grouss Leeschtung besteet an der Verbindung vun exakter wëssenschaftlecher Aarbecht an hirer praktescher Uwendung fir nei innovativ Produkter. Mat där Denkweis gouf de Joseph von Fraunhofer zum Virbild vun der haiteger Fraunhofer-Gesellschaft, där hien den Numm ginn huet.

Liewen a Wierken[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Fraunhofer gouf als 11. Kand vun engem Glasmécher zu Straubing gebuer. Well seng Eltere gestuerwe waren, wéi hien eréischt 11 Joer al war, gouf hie vu sengem Momper an eng sechsjähreg Spigelschläiferléier op München geschéckt. Do hat hien 1801 den Zesummebroch vum Haus vu sengem Léierhär iwwerlieft. No senger Léier ass hien 1806 als Optiker an d'Mathematesch-Mechanescht Institut vu Reichenbach, Utzschneider & Liebherr agetrueden. Dat Institut war vum Erfinder Georg Friedrich von Reichenbach an dem Auermécher J. Liebherr 1802 fir d'Produktioun vun astronomeschen a geodeteschen Instrumenter gegrënnt ginn. De Geheimrat Joseph von Utzschneider hat sech als Geldgiewer deem Institut ugeschloss.

Den opteschen Atelier gouf 1807 op Benediktbeuern verluecht, wou de Fraunhofer Wierksmeeschter gouf. Do huet hien nei Schläifmaschinnen a Glaszorte fir optesch Glieser (schlierefräit Flintglas), déi d'Ofbildungsqualitéit vu Lënsen entscheedent verbessert hunn. Vun 1814 u ware Fraunhofer an Utzschneider eenzeg Besëtzer vum elo selbstännegen Opteschen Institut. Eng fir d'Astronomie bedeitend Erfindung ass an deem Zesummenhank dem Fraunhofer seng Verbesserung vum achromateschen Doublet, dat e puer Joer virdrun an England erfonnt gi war.

Onofhängeg vum William Hyde Wollaston huet de Fraunhofer 1814 déi no him genannte Fraunhoferlinn am Sonnespektrum entdeckt. Hien huet och 1814 d'Spektroskop erfonnt. Ausserdeem huet hien als éischten Experimenter fir Krëmmung vum Liicht un optesche Gitter gemaach (Fraunhofer-Krëmmung). Seng Erkenntnesser op dëse Gebidder benotzt de Fraunhofer, fir d'Materialeegeschaften (Refraktiounsindex) vun optesche Glieser mat méi enger grousser Genauegkeet ze miessen. Mat deem Wëssen huet hien et fäerdegbruecht, besser Objektiver ze bauen, wéi dat virdru méiglech war.

Eng Büst vum Fraunhofer an der Ruhmeshalle zu München
De Joseph von Fraunhofer (Mëtt) demonstréiert de Spektroskop, riets vun him de Georg von Reichenbach, lénks de Joseph von Utzschneider. Bild vum Rudolf Wimmer
D'Graf vum Fraunhofer
"Sonnespektrum" Timber fir den 200. Gebuertsdag vum Fraunhofer (BRD 1987)

Am Opteschen Institut goufe vum Fraunhofer awer net nëmme Lënse fabrizéiert, awer och komplett Teleskope goufen hiergestallt, déi och eng Opstellung (Montéierung) haten. Zanter dem Fraunhofer gëtt et ee Montéierungstyp, deen als däitsch Montéierung bekannt gouf. Bis haut gëtt de gréissten Deel vu klengen a mëttleren Teleskopen op enger däitscher Montéierung opgestallt.

Am Joer 1824 hat de Fraunhofer de Bau vu sengem gréissten Teleskop fir de russeschen Observatoire Dorpat fäerdeggestallt. Mat deem Teleskop mat enger fir déi deemoleg Zäit sensationeller Ëffnung vun 244 mm an enger Brennwäit vu 4,33 m huet den Astronom Friedrich Georg Wilhelm Struve virun allem Duebelstären ënnersicht. Een zweet, baugläicht Exemplar krut 1829, nom Doud vum Fraunhofer, de Berliner Observatoire, mat deem 1846 de Johann Gottfried Galle de Planéit Neptun entdeckt huet. Och d'Fäerdegstellung vu sengem Heliometer fir de Königsberger Observatoire hat de Fraunhofer net méi erlieft.

1819 gouf dat Optescht Institut op München verluecht, well den Utzschneider aus Geldnout de Benediktbeurer Gebaikomplex u Bayern verkaaft hat an nëmmen d'Glaswierk behalen hat. De Fraunhofer huet regelméisseg missen op Benediktbeuren fueren, fir d'Glasschmëlzen z'iwwerwaachen. Anerersäits war vu München aus bessere Kontakt zu der Akademie méiglech. No kuerze Streidegkeeten, well de Fraunhofer keng wëssenschaftlech Ausbildung hat, huet d'Akademie hien am Joer 1821 als ausseruerdentleche Member opgeholl. An en etlechen Ofhandlungen an Akademierieden huet hien physikalesch Problemer wéi d'Dréifgi vum Glas a verschidde Liichtphenomener behandelt.

1823 gouf hie Vollmember a Professer vum physikalesche Kabinett, ass awer schonn 1826 u Longentuberkulos gestuerwen. Säi Graf ass um Ale Münchener Südkierfecht am Glockenbachquartier.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

An der Münchener Isarvirstad an a senger Gebuertsstad Straubing sinn zwou Stroossen nom Fraunhofer benannt. Eng Münchener U-Bahn-Statioun ass och no him genannt. D'Staatlech Realschoul München II gouf 1985 no him genannt, genee sou wéi d'Joseph-von-Fraunhofer-Gymnasium Cham. Am Glaswierk Benediktbeuern, dat hie vun 1807 bis 1819 geleet hat, ass haut de Fraunhofer-Musee.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brachner, Alto: Joseph von Fraunhofer: 1787-1826, Ausstellung zum 150. Todestag. Röther, München 1976.
  • Metze, Gudula: Joseph von Fraunhofer. In: Wurst, Jürgen und Langheiter, Alexander (Hrsg.): Monachia. München: Städtische Galerie im Lenbachhaus, 2005. S. 167. ISBN 3-88645-156-9
  • Preyss, Carl R.: Joseph von Fraunhofer: Optiker, Erfinder, Pionier. Stöppel, Weilheim 1989 (Stöppel-Kaleidoskop; 203). ISBN 3-89306-203-3
  • Riekher, Rolf: Fernrohre und ihre Meister. 2. Aufl. Verlag Technik, Berlin 1990, ISBN 3-341-00791-1, S. 149-177.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Joseph von Fraunhofer – Biller, Videoen oder Audiodateien