Jostedalsbreen

Vu Wikipedia
De Briksdalsbreen, en Niewenaarm vum Jostedalsbreen

De Jostedalsbreen an Norwegen ass dee gréisste Gletscher um europäesche Festland. E läit un der norwegescher Westküst an der Provënz Sogn og Fjordane tëscht de Gemenge Luster, Balestrand, Jølster a Stryn.

De Jostedalsbreen huet eng Fläch vu 487 km², ass ronn 60 km laang a bis zu 600 Meter déck. De Gletscher läit op engem Héichplateau vu 1600-1900 Meter. Den héchste Punkt ass de sougenannten Høgeste Breakulen op 1959 Meter, den déifsten, de Nigardsbreen, läit nëmmen zirka 300 Meter iwwer dem Mieresspigel.

De Jostedalsbreen Nationalpark gouf 1991 gegrënnt an ëmfaasst en Areal vun 1310 km².

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]