Josy Welter (S.à r.l.)

Vu Wikipedia
D'Geschäft an der Lantergässelchen, Kuliss fir eng Zeen aus dem Film Doudege Wénkel (hei: wärend den Dréiaarbechten).

D'Josy Welter S.à r.l. ass eng Gesellschaft déi zanter 1921 um Roude Pëtz an der Stad Lëtzebuerg e Geschäft féiert fir alles wat ëm de Gaart an Hausdéieren dréint.

Zanter 2006 gëtt et och nach zwee weider Josy-Welter-Geschäfter zu Lëtzebuerg, eent an der Belle Etoile zu Bartreng an eent um Houwald, nieft dem Cactus-Hobby.

D'Josy Welter S.à r.l. huet hir Originnen an engem éischten Handel fir Gaardematerial deen et schonn zanter 1863 zu Walfer gouf. Am Zentrum vu Walfer gëtt et eng Rue Josy-Welter, se erënnert un de Resistenzler Josy Welter (Père) deen am Februar 1943 am KZ Natzweiler ëmbruecht gouf.

1949 huet de Josy Welter (1924-2012) d'Direktioun vun der Gesellschaft iwwerholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]