Josy Braun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Josy Braun

De Josy Braun, gebuer de 14. Januar 1938 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen den 3. August 2012,[1][2] war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

No der Primärschoulzäit zu Biwer huet e seng Humanités gréco-latines an der Belsch gemaach. Duerno Diktioun an Art dramatique zu Lëtzebuerg. Vun 1960 bis 1972 war hie Gewerkschaftssekretär, a vun 1972 bis 1991 Journalist. Duerno huet hien als fräie Schrëftsteller geschafft.

De Josy Braun huet Prosa, Lyrik, Theater, Cabaret, Radio-Spiller, Kannertheater a Kannerbicher op Lëtzebuergesch an och op Däitsch geschriwwen. En Deel vun senge Wierker goufen op Däitsch, Franséisch, Englesch, Italienesch, Portugisesch a Russesch iwwersat.

De Josy Braun war:

Hie gouf e puermol ausgezeechent am Kader vum Nationale Literaturconcours a mat der Sëlwerplaquette vun der Actioun Lëtzebuergesch.

Inhaltsverzeechnes

Dem Josy Braun seng Bicher [änneren]

  • Porto fir d'Affekoten

Deen éischte Kriminalroman a Lëtzebuerger Sprooch, deen 1997 bei den Editions PHI erauskoum, war laang vergraff. 2006 ass e bei den Editions Josy Braun nees nei erauskomm.

Banne kuerzer Zäit stierwe sechs Leit u vergëftenem Porto. Wann d'Sûreté mengt, et hätt een et op d'Affekoten ofgesinn, da gëtt dës Theorie doduerch op d'Kopp gehäit, datt et och ganz aner Persounen erwëscht.

Titelbild
  • Um porto para os advogados

Iwwersat vum Luis Gonçalves-Bandeira an iwwerschafft vum Forum Portugal-Lëtzebuerg zu Lissabon, gouf dës lëtzebuergesch-portugisesch Geschicht vum Verlag Campo das letras vu Porto am Abrëll 2007 erausbruecht. E gouf den 3. Abrëll 2007 an der Portoskellerei Ferreira zu Vila Nova de Gaia, an de 4. Abrëll 2007 am Grémio literario zu Lissabon virgestallt.

Zu Lëtzebuerg war déi offiziell Virstellung de 4. Juli, am Moment, wou Portugal d'EU-Présidence iwwerholl huet.

  • Kréiwénkel

Dëse Roman spillt um klengen Duerf. D'Haaptpersoune sinn en ale Mann an e klenge Jong, déi sech leng derduerch schloen. Mat engem Ziedel, deen dem Tolly aus engem vergiessene Buch entgéintfält, gëtt e vergaangent halleft Joerhonnert nees waakreg. "Kréiwénkel" ass e verdreemtene Roman an zugläich eng Geschicht, déi een an Otem hält.
Editions PHI

  • Rand-Los

Et si Kuerzgeschichten op Däitsch, iwwer Leit, déi op der Schietsäit vum Liewe stinn.
Editions PHI

  • Abschied von dem Jungen am Synthesizer

Klenge Roman op Däitsch, op der Basis vun enger wouerer Geschicht. E jonke kriibskranke Museker huet en ausgefalene leschte Wonsch, an seng Kollegen aus der Band verspriechen him, dee Wonsch z’erfëllen.
Eegeverlag

Vergraff:

  • Queesch derduerch, aus dem Joer 2000, Editions PHI. Dëst ass eng Anthologie mat Kuerzgeschichten, Gedichter a Kabaretstexter aus méi wéi 30 Joer.

D'Kannerbicher [änneren]

  • De Charly mat de groussen Oueren

An dësem Buch geet et net nëmmen ëm dem Charly seng grouss Oueren, déi engem Puppelchen d'Liewe retten, mä och ëm den Tinnchen an säin Täschemesser, ëm de Patrick, deen nuets an engem Auto agespaart ass, ëm den Teddy, deen dem Papp Ieselsbrécke baut, ëm dräi Kazen, ëm e Papp dee mengt, hie wier eng Respektspersoun, ëm en onheemleche Strummert, ëm dem Professer Kueb seng Strofen, ëm e verrécktene Sylvestermenü asw.
Editions PHI

  • D'Monsterzwillinge vun Esch-am-Lach

A 75 Gedichter gëtt d'Geschicht vun den Zwillingen Zëss a John verzielt. De John ass kee ganz schéinen, mä schonn als klenge Bouf staark wéi en Uess. D'Zëss mat de rouden Hoer ass eng léif kleng Maus, mä heinsdo eng richteg Zatz, dat mat de Geeschter vun der Buerg, mat den Eilen a mat de Kuebe schwätzt an dat och zaubere kann.
Editions PHI

  • Wee fir op Papperlapappagos

Dëst Gedichter riichten sech u Kanner vu 5 bis 12 Joer. D'Buch huet, soubal wéi et eraus war, seng Prouf bei de Kanner bestanen. D'Léierpersonal schafft an de Schoulen dermat, e puer vun de Gedichter stinn och am Schoulbuch fir d'3. an d'4. Schouljoer "Lies a fléi".
Editions PHI

  • De klenge Prënz

Dës Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Antoine de Saint-Exupéry sengem Buch «Le Petit Prince» koum 1994, 50 Joer nom Auteur sengem Doud, eraus.
Editions PHI

  • Numia

D'Numia ass e Weesekand a kënnt aus engem Land, dat wäit ewech vu Lëtzebuerg läit: Fantamira. D'Kanner vu Juckebuerg hunn dat brongt krauselegt Meedchen immens gären, mä e puer grouss Leit fannen, datt d'Numia besser do wier, wou de Peffer wiisst... E Mäerchen, an deem et besonnesch ëm d'Léift zu alle Mënschen an ëm de Respekt virun der Ëmwelt geet.
Eegeverlag

Bibliographie, global [änneren]

Däitsch [änneren]

  • Gezählt, gewogen, geteilt, Novelle, 1962
  • Credo der Nebelkinder, Gedichte, 1963
  • Marias zweite Niederkunft, Kurzgeschichten und Gedichte, 1972
  • Rand-Los, Kurzgeschichten, 1982
  • Abschied von dem Jungen am Synthesizer, Kurzroman, 1988

Lëtzebuergesch [änneren]

  • Loosst de Mound do, wou en ass, Gedichter a Lidder aus dem Kabaret, 1978
  • E Monument fir d'Kätti aus dem Breedewee, Geschichten, Balladen a Radiospiller, 1988
  • Zwee riets, zwee lénks, ee fale gelooss, Kabaret, 1988
  • Flantermais géint der Owend, Gedichter, 1992
  • Déi véier Kaze vun der Millen, Erzielung, 1993, 2. Oplo 2004
  • Fiisschen 1 – 100, Zäitgedichter, 1993
  • Fiisschen 101 – 200, Zäitgedichter, 1995
  • Porto fir d'Affekoten, Kriminalroman, 1997
  • Kréiwénkel, Roman, 1998
  • Queesch derduerch, Anthologie, 2000
  • Bommenteppech, Roman 2004
  • Meewäin, Roman, 2007
  • De franséischen Doud vum Oscar Messidor, Roman, 2007
  • D'Wëldanger Muer, eng Novell, Éditions Josy Braun, Mäerz 2009, 104 Säiten, Paperback
  • Pontelach. De Kinnek am „Petit Prince“. Pierre Lapôtre, 3 Erzielungen, Éditions Josy Braun, 2010, ISBN 978-99959-671-0-9
  • E Graf op Madeira, Roman 2010
  • Keen Däiwel méi, deen nach Hergotte keeft, Roman 2012, ISBN 978-99959-671-4-7

Fir d'Kanner [änneren]

  • Numia, Mäerchen, 1994, 2. Oplo 1995
  • De klenge Prënz, Iwwersetzung, 1994, zënterhier 4 Oploen
  • Um Wee fir op Papperlapappagos, Gedichter, 1996
  • D'Monsterzwillinge vun Esch-am-Lach, gereimte Geschicht, 2001
  • De Charly mat de groussen Oueren, Kuerzgeschichten, 2003
  • Déi gréng Piscine am Ruckelsbësch bei Klengliller, 2005

Theaterstécker [änneren]

  • D'Kromm an der Heck, 1966
  • D'Rammelscheeder (Musek vum Jos. Kinzé),1967
  • Requiem fir e Lompekréimer, 1969
  • Mir si vum Viz (Musek vum Jos. Kinzé), 1971
  • D'Sakgaass (Coauteuren: Guy Rewenig a Guy Wagner), 1973
  • Wie bass de dann, Leo?, 1976
  • Hexejuegd, 1978
  • Den Här, 1978
  • Just 15, 1981
  • D'Monument oder d'Verbrieche vu Groussknautscheng, 1990
  • Eng Märel päift, 1992
  • Portombola, 1993
  • Geeschter, 1995
  • Spaghetti à la Mamma, 1996
  • De roude Soutien, 1997
  • D'Kierchenauer vu Knousperdeng, 1998
  • Leschte Konveniat, 1998

Theater fir Kanner [änneren]

  • De Pierrot an d'Pierrette, 1993
  • De lëschtege Kasperl an den traurege Clown, 1994
  • Eis Spillplaz zu Makadammeldeng, 1995
  • D'Manuela an säi Monni Poppokattepättel, 1996
  • D'Kréckelfamill fiert an d'Vakanz, 1997
  • Wat ass lass am ale Schlass?, 1998
  • Brudder Sascha, grousse Clown, 1999
  • De klenge Prënz, Adaptatioun vum «Petit prince » vum A. de Saint-Exupéry, 1966

Cassetten, CD [änneren]

  • De klenge Prënz, Cassette a Long play, 1981
  • De Bib, Cassette nom Wëllem Weis, 1986
  • Numia, Cassette, 1992
  • D'Huberts-Famill Radio-Serie, 1992, net am Handel
  • Lidder, queesch derduerch, CD, 2000

Saachbicher [änneren]

  • z. B. Tom, Wäissbuch iwwert d'Drogeplaz Lëtzebuerg (Coauteur), 1981
  • Lëtzebuerg-Luxemburg-Luxembourg, Buch iwwert Lëtzebuerg exkl. fir d'BIL, 1989
  • Eis Sprooch richteg schreiwen, Léierbuch, 1996, 14. Oplo Hierscht 2007

Interviewen, Artikelen, asw. [änneren]

De Josy Braun als Schauspiller [änneren]

Televisioun [änneren]

Gielercher [änneren]

Um Spaweck [änneren]

  • Fallbeispiele Elise Schmit, Bespriechung vu Pontelach. De Kinnek am „Petit Prince“. Pierre Lapôtre. d'Lëtzebuerger Land, 12. November 2010

Referenzen [änneren]