Josy Goerres

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Josy Goerres
Gebuer 18. November 1913
Déifferdeng
Gestuerwen 10. Dezember 1985
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzler
Member vun PI-Men

De Josy Goerres, gebuer den 18. November 1913 zu Déifferdeng a gestuerwen den 10. Dezember 1985[1], war e lëtzebuergesche Resistenzler.

Zesumme mam Émile Krieps huet hie wärend dem Zweete Weltkrich, 1941, d'Resistenzorganisatioun Formation des patriotes indépendants luxembourgeois (SAR-PI-Men) gegrënnt.

No engem Verrot, gouf de Josy Goerres am Oktober 1941 verhaft an no batteren Zäiten a verschiddene Prisongen an am Konzentratiounslager vun Hinzert, koum hien am Mäerz 1943 wéinst Mangel an Beweisen erëm fräi. Direkt huet hie mat senge Matstreider seng Resistenzaktivitéiten erëm opgehol. No engem weidere Verrot huet hie sech du bis zur Befreiung misse virun den Däitsche verstoppen an huet aus dem Ënnergrond eraus, haaptsächlech d'Evasiounsfilière an d'Renseignements- a Spionageaktivitéite weider dirigéiert. Hie konnt awer net verhënneren, datt säi Frënd Albert Ungeheuer am Centre d'accueil zu Les Ancizes bei Clermont-Ferrand a Frankräich, nom Verrot vun engem Lëtzebuerger, verhaft gouf an zesumme mat anere Resistenzler den 19. Mee 1944 am KZ Natzweiler-Struthof erschoss gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dollar, Jacques (1986), Josy Goerres et les PI-MEN dans la Résistance, Lëtzebuerg

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Josy Goerres op www.ons-jongen-a-meedercher.lu