Josy Jungblut

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Josy Jungblut
Gebuer 21. Abrëll 1911
Réimech
Gestuerwen 30. Oktober 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

De Mathias Joseph "Josy" Jungblut, gebuer den 21. Abrëll 1911 zu Réimech, gestuerwen den 30. Oktober 1979 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Sculpteur.

Hie war de Jong vum Leeëndecker Heinrich (Henri) Jungblut an der Maria Weiden.[2] Wéi säi Monni Michel Jungblut an de Koseng Victor Jungblut huet hien d'Konscht gewielt. Hien huet beim Arnold Hensler op der Tréierer Kunstgewerbeschule studéiert an als Schüler vum Oscar Jespers op der École nationale supérieure d'Architecture et des Arts décoratifs zu Bréissel. Spéider huet hie selwer am Centre national de promotion des Arts et Métiers an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert.

Hie war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg an huet vun 1937 bis 1961 un de Joressalonen vum Kënschtlerverband deelgeholl.[3] Hien huet eng Goldmedail op der Weltausstellung zu Paräis (1937) gewonnen.[4] 1951 krut hien e Konschtpräis, dee vum Verband vun de Lëtzebuerger Zeitungsediteure gestëft gouf.[5]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

1939: d'Onofhängegkeetsmonument zu Schwéidsbengen vum Josy Jungblut 1939
Monument aux morts Walfer zu Walfer (1949)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bofferding, M.-J., 1979.... Télécran vum 24. Mäerz 1979.
  • Walentiny, J., 1965.... Luxemburger Wort vum 12. Juni 1965.
  • Herr, L., 1992. Anthologie des arts au Luxembourg. Éditions Émile Borschette, 464 S. (Cf. S. 173). ISBN 2-87982-034-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Josy Jungblut – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Anthologie du Luxembourg, 1992, S. 173.
  2. Gebuertsschäin 1911, n° 15.
  3. Welter, Jos. [réd.], 1993. Cent ans d'art luxembourgeois: 1893-1993: rétrospective. Luxembourg: Cercle artistique, 1993, Crauthem, Lux-Print.
  4. "Der Plastiker Josy Jungblut".
  5. "Der Bildhauer Josy Jungblut Träger des 1. Kunstpreises luxemburgischer Zeitungsverleger", Luxemburger Wort, 6. Oktober 1951.