Josy Kirchens
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Josy Kirchens oder Joseph Kirchens, gebuer den 22. Februar 1943, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer. [1]
Tëschent dem 29. September 1965 am 26. Abrëll 1972 huet de Josy Kirchens an 31 Matcher 3 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe geschoss. [2]
Vun 1961 bis 1976 huet hie fir d'Aris Bouneweg gespillt.
An der Saison 1976/77 war hien Trainer beim Avenir Beggen. [3]
Am Joer 1985 war de Josy Kirchens während 2 Méint Interimstrainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalequipe. [4]