Josy Stoffel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Josy Stoffel, gebuer de 27. Juni 1928 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.[1]

Inhaltsverzeechnes

Sportscarrière [änneren]

Während 16 Joer, vun 1949 bis 1964 war en ouni Ënnerbriechung Landesmeeschter am Turnen an huet u véier Weltmeeschterschaften, sechs Europameeschterschaften a fënnef Olympiaden (London 1948, Helsinki 1952, Melbourne 1956, Roum 1960 an Tokyo 1964) deelgeholl.[2]

Seng bescht international Resultater waren:

  • 5. am Mehrkampf op der Weltmeeschterschaft 1950 zu Basel
  • 3. am Päerdsprong op der Europameeschterschaft 1955 zu Frankfurt

No senger aktiver Carrière war hien Nationaltrainer zu Lëtzebuerg an deelweis och an der Belsch.

1957 an 1960 gouf hien zum Sportler vum Joer gewielt.

Seng Fra d'Yvonne Stoffel-Wagner ass och Turnerin an zënter 1945, wéi hien, Member vum Déifferdenger Turnveräin.

Auszeechnungen [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Virdrun Olympic rings with white rims.svg Sportler/Sportlerin vum Joer Olympic rings with white rims.svg Duerno
Charly Gaul 1957 Charly Gaul
Jean Link 1960 Sylvie Hülsemann

Referenzen [änneren]