Juan Carlos I. vu Spuenien

Vu Wikipedia
Juan Carlos I. vu Spuenien
Titelen
Kinnek vu Spuenien
Zäit 22. November 1975 bis de 14. Juni 2014
Virgänger Alfons XIII.
Nofollger Felipe VI.
Biographie
Gebuer 5. Januar 1938
Roum
Bestuet mat Sofia vu Griicheland
Kanner Felipe VI. vu Spuenien


Juan Carlos I, gebuer de 5. Januar 1938 als Juan Carlos Alfonso Víctor María de Borbón y Borbón-Dos Sicilias zu Roum, war vum 22. November 1975 bis den 19. Juni 2014 Kinnek vu Spuenien.

Hien ass den eelste Jong vum Kinnek Juan de Borbón y Battenberg a domat den Enkel vum Kinnek Alfons XIII. vu Spuenien. Bekannt ass de spuenesche Kinnek virun allem doduerch, well mat him d'Diktatur vum Franco zu Enn gaangen ass, a Spuenien de Wee zu enger Demokratie erëmfonnt huet.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Nofolleg vum spueneschen Diktator Franco ze sécheren, war schonn 1947 virgesi ginn, d'Monarchie a Spuenien erëm anzeféieren. Als Successeur um Troun war de Juan Carlos virgesinn, an net säi Papp, de Juan de Borbón, dee sech am Exil weider dem Franco opposéiert huet. De Juan Carlos koum dunn, wéi ofgemaach, am Alter vun zéng Joer a Spuenien, wou hien op der San Isidro Schoul zu Madrid säi Secondaire gemaach huet, an ass duerno op d'Militärakademië vu Saragossa, Marín, Pontevedra, a San Javier komm. Uschléissend huet hien nach Verfassungsrecht, Internationaalt Recht an Ekonomie studéiert.

De 14. Mee 1962 huet de Juan Carlos sech zu Athen mat der Prinzessin Sophia vu Griicheland bestuet. Aus deem Bestietnes stamen d'Kanner Elena (* 20. Dezember 1963), Cristina (* 13. Juni 1965) a Felipe (* 30. Januar 1968).

Zanter hirem Bestietnes wunnt a schafft d'kinneklech Famill am Zarzuela-Palast nordwestlech vu Madrid.

De Juan Carlos war um Enn vu sengem Règne mat der Gesondheet a Skandaler geplot. Nodeem en den 2. Juni 2014 seng Ofdankung ugekënnegt hat, huet hien den 18. Juni 2014 d'Gesetz dozou ënnerschriwwen, duerch dat säi Jong Felipe deen Dag drop säin Nofollger gouf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juan Carlos I. vu Spuenien – Biller, Videoen oder Audiodateien