Judd mat Gaardebounen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Judd mat Gaardebounen

Judd mat Gaardebounen ass en typesch lëtzebuergesche Plat.

[änneren] Wat ass Judd ?

De Judd ass d'Halsstéck vum Schwäin. De Judd ka gesolpert oder/a gereezt ginn, am Ganzen oder als Kotlett vekaaft ginn.

[änneren] Rezept

De gereezte Judd gëtt virum Kache gewässert. Duerno gëtt en eng 2 bis 3 Stonnen an enger Britt gekacht. An déi Britt kommen eng Porrett, 3-4 Wuerzelen, eng Ënn, e bëssen Zelleri, 1 Lorberblat, 1-3 Neelcheskäpp, Peffer an och, wann een et gären huet, e Schotz Rivaner.

Gaardebounen, och Saubounen oder Dullessen genannt, ginn an enger Mielzooss preparéiert. Net vergiessen, an d'Zooss muss onbedingt Bounekräitche kommen.

De Judd gëtt an Tranchë geschnidden a mat den Dullessen zervéiert. Et kënne souwuel gekachte kloer Gromperen ewéi Gegreeftener derbäi zervéiert ginn.

Gutt derbäi schmaacht e Wäi vun der Lëtzebuerger Musel.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Judd mat Gaardebounen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen