Juddentum zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Zu Lëtzebuerg liewen ongeféier 1200 Judden. D'Juddentum spillt eng wichteg Roll an der Geschicht vu Lëtzebuerg. Nieft der Réimesch-Kathoulescher Kierch, dem Protestantismus, der Orthodoxer Kierch an dem Islam ass d'Juddentum déi fënneft gréisst Relioun. Lëtzebuerg ass dat eenzegt europäescht Land, an deem haut méi Judde liewen wéi virun 1933.

D'Geschicht vum Juddentum zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Ufäng vu jiddescher Presenz zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi geographesch Situatioun vu Lëtzebuerg ass wichteg fir d'Evolutioun vun der jiddescher Gemeinschaft ze verstoen. Lëtzebuerg huet mat Däitschland a Frankräich déi zwee Länner als Noper, déi eng ganz grouss Roll an der jiddescher Geschicht vun Europa gespillt hunn.

Déi éischt Judden, déi an Europa agewandert sinn, hu sech zur réimescher Zäit am Rheinland niddergelooss. Am fréie Mëttelalter gouf et scho renomméiert jiddesch Gemeinschafte virun allem an der Géigend vu Worms, Speyer a Mainz. Och a Frankräich gouf et fréi jiddesch Gemeinschaften an der Géigend vu Metz an Troyes. An direkter Noperschaft gouf et jiddesch Gemeinschaften zu Tréier, Diddenuewen an Arel.

Déi éischt jiddesch Familljen hu sech ëm 1226 an 1309 zu Arel an der sougenannter Hetschegaass niddergelooss. Dëst Wuert, Hütchen op Däitsch, deit op de Juddenhutt hin, dee si a verschiddene Länner hunn undoe missen. Sou ëm 1276 hu sech Judden an der Stad Lëtzebuerg niddergelooss. Dat éischt Dokument, dat d'Presenz vun engem Judd zu Lëtzebuerg beleet, ass vum 5. Juni 1276 a nennt e gewëssen Henri vu Lëtzebuerg, e Judd, deen dem Här vu Bartreng 53 livres des Trèves geléint hat. Mëtt 14. Joerhonnert hu wuel jiddesch Familljen am Péitrussdall gewunnt, wou och hire Kierfecht war. Méi spéit, ëm 1367, dauchen éischt Dokumenter op, déi d'Juddegaass an d'Juddepaart an der Stad ernimmen.

Hir Presenz gouf och zu Neuerburg (1309), zu Iechternach a Ließem an der Äifel (1332), zu La Roche-en-Ardenne (1333), zu Damvillers (1345/47), wéi zu Bitburg (1334) a Baaschtnech (1353) dokumentéiert.

Schrecken an Angscht, ënnerstëtzt duerch d'Pescht an hir extrem schnell Verbreedung an de Joren 1348-49, huet dozou gefouert, datt Awunner a Westeuropa sech d'Judden als Sënnebéck ausgesicht hunn. All Méigleches gouf erfonnt, wéi zum Beispill datt d'Judde Waasser aus de Pëtzer vergëft hätten. De Karel I. vu Lëtzebuerg, Kinnek vum Hellege Réimesche Räich a Grof vu Lëtzebuerg, huet awer versicht eng tragesch Situatioun ze verhënneren. Sou huet hien de 24. Juli 1349 d'Stater Awunner opgefuerdert, Wuelstand a Besëtz vu Judden ze garantéieren an dëst sou laang ze maachen, bis een hir Schold bewisen hätt a se och deementspriechend veruerteelt wieren, well hie si fir onschëlleg gehalen huet. Wéi wäit Lëtzebuerg deemools vun der schwaarzer Pescht betraff war, ass net ganz kloer. Epidemie gouf et awer an der Géigend vum Barrois a Loutrengen. Et schéngt, datt der jiddescher Gemeinschaft vu Lëtzebuerg an Iechternach awer keng Verfolgung erspuert gouf. Pogromer gouf et wuel och am Hainaut an am Brabant.

Mëtt 15. bis Mëtt 16. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Ënner de Burgunder an den éischten Habsburger huet sech d'Situatioun vun de Judden zu Lëtzebuerg erëm verschlechtert.

Mat 2500 Awunner an enger ganz fortschrëttlecher Lieder- a Stofftindustrie, hat d'Haaptstad vum Herzogtum Lëtzebuerg vill Judde vum Land ugezunn. Mä si waren net viru Verfolgunge geschützt. Am Mäerz 1478 gouf et eng schrecklech Verfolgung: “aux hostelz ou demouroient les Juifz, et illec rompirent leurs maisons, les ruerent de pierres et battirent villainement et apres ce prandirent tous leurs biens et en firent leur plaisir“. Doropshin hunn d'Judden d'Stad verlooss. Am Joer 1515 goufen nach ongeféier aacht jiddesch Haushalter an der Stad gezielt.

An de Joren 1516-17 hunn all Judden d'Herzogtum Lëtzebuerg verlooss. De Grond vun dësem Depart ass net ganz kloer. D'Archiven dokumentéiere kee méigleche Pogrom oder eng staatlech Entscheedung, déi dësen Depart erkläre kéint. Mëtt 16. Joerhonnert hunn nach just vereenzelt jiddesch Familljen zu Lëtzebuerg gewunnt, mä am Joer 1532 gouf déi jiddesch Presenz an den Habsburgeschen Nidderlanden, zu deene Lëtzebuerg deemools gehéiert huet, duerch en Edikt verbueden. Déi rar Erwähnunge vu Judden am Herzogtum Lëtzebuerg bezéie sech dacks op hiren Transit duerch Lëtzebuerg.

Franséisch Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Mat der franséischer Revolutioun ass och d'Emanzipatioun vun de Judden erfollegt: den 28. September 1791 goufen hinnen all déi Biergerrechter zougesprach, déi och dem Rescht vun der Bevëlkerung zougesprach goufen. Duerno huet Lëtzebuerg ënner dem Napoléon I. zu Frankräich gehéiert, dofir sinn och déi franséisch Regelen a Rechter op d'Judden zu Lëtzebuerg ugewannt ginn.

Kuerz drop, de 14. Juli 1795, goufen alleguer d'Taxen ofgeschaaft, déi d'Judden hu misse méi bezuelen, et koum also zur absoluter Gläichberechtegung tëscht Judden a Chrëschten. Donieft konnten d'Judde sech do ausbreeden, wou se wollten.

Déi éischt Vollekszielung vun de Judden huet am Ufank vum 19. Joerhonnert stattfonnt. Deemools huet d'Gesetz vum 8. September 1808 bestëmmt, datt all Famill sech misst e Familljennumm zouleeën, wat d'Judden net ëmmer haten. Zu deem Zäitpunkt gouf et genee 75 Judden um lëtzebuergeschen Territoire: 13 Männer, 15 Fraen a 47 Kanner.

D'Zuel vun de Judden zu Lëtzebuerg ass relativ séier geklommen, well sech d'Judden zu Lëtzebuerg och mat deenen an Däitschland an a Loutrengen zesummegedoen hunn. 1817 gouf deen éischte Juddenkierfecht a Clausen ageweit. Ufank vum 19. Joerhonnert huet och d'Noutwendegkeet bestanen, fir e jiddesche Glawenszentrum zu Lëtzebuerg ze schafen. Am Joer 1821 huet d'jiddesch Gemeinschaft zesummen en Haus an der rue du Séminaire kaaft, wat als “bien national” ënner der Revolutioun verkaaft gi war an duerno vun der Stad Lëtzebuerg opkaaft gouf. An deem Haus ass déi éischt lëtzebuergesch Synagog ageriicht ginn. Si konnt ongeféier honnert Leit empfänken a gouf am Joer 1823 offiziell ageweit. Dëst stoung ënner anerem ënner der Leedung vum Pinhas Godchaux.

1823 bis 1933[änneren | Quelltext änneren]

Mat der éischter Synagog zu Lëtzebuerg huet och fir d'Judden 1823 en neit Kapitel ugefaangen. Wéi Lëtzebuerg am Joer 1839 politesch onofhängeg ginn ass, ass och de jiddesche Consistoire eng onofhängeg Institutioun ginn, an d'Membere goufe vum Ministère erausgesicht.

Déi zweet Synagog 1894-1943

1870 ass dunn de Krich tëscht Frankräich an Däitschland ausgebrach, a während der preisescher Belagerung vum Elsass a vun der Lorraine si vill Judden op Lëtzebuerg ugaangen. Dowéinst war déi am Joer 1823 gebaute Synagog geschwënn ze kleng. Am Joer 1876 goufen éischt Demarchë gemaach, fir d'Synagog z'ersetzen. Dat aalt Gebai gouf erëm der Stad Lëtzebuerg zréckginn, an dofir kruten d'Judden en Terrain tëscht der Neipuertsgaass an der rue Aldringen. D'Aarbechte goufe bezuelt vu lëtzebuergeschen a belsche Judden. Och de Lëtzebuerger Staat huet dat neit Gebai mat finanzéiert. D'Pläng vun dem neie Gebai stamen aus der Fieder vum däitschen Architekt a Professer Ludwig Levy, an den Architekt Charles Arendt huet d'Synagog, déi am neo-orientalesche Stil entworf war, schlussendlech realiséiert.

Den éischte Steen ass am Juli 1893 geluecht ginn, d'Aweiung war den 28. September 1894. Den deemolege Rabbiner war den Isaac Blumenstein an de President vum Consistoire war de Louis Godchaux, en Nokomme vum Pinhas Godchaux.

Während 46 Joer hunn d'Judde friddlech nieft de Chrëschten an der Stad gewunnt an hir Déngschter an der Synagog ofgehalen.

1933 - 1940[änneren | Quelltext änneren]

Wann am Joer 1927 zu Lëtzebuerg 1717 jiddesch Awunner gezielt goufen, da waren et der 1935 schonn 3144. Zanter 1933, wéi den Hitler mat der NSDAP an Däitschland un d'Muecht koum, krut d'jiddesch Gemeinschaft zu Lëtzebuerg vill Zouwuess doduerch, datt vill Judde virum däitschen Nazi-Regime op Lëtzebuerg geflücht sinn. An den 30er Jore gouf Lëtzebuerg sou e wichtegt Asyl- an Duerchreesland fir Judden. Virun der Nazi-Invasioun vu Lëtzebuerg, am Joer 1940, liewen ongeféier 3700 Judde am Land.

Vun 1933 un huet d'Lëtzebuerger Regierung och konnten op dat Gesetz vum 28. Oktober 1920 zréckgräifen, fir politesch Flüchtlingen, Antifaschisten an Antinazien, iwwer d'Grenz ze setzen.

1940 - 1945[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich fänkt den 10. Mee 1940 mat der militärescher Besatzung un a wierkt sech ganz séier och op déi jiddesch Bevëlkerung zu Lëtzebuerg aus.

Den 20. Mee 1940, also zéng Deeg nom Ufank vun der Nazi-Besatzung, gouf duerch en Dekret festgeluecht, datt all Réistoffer, Iesswueren an Edelmetaller vu Judde beschlagnahmt gi sollten. Nodeem de Gustav Simon Chef der Zivilverwaltung, CdZ war, sinn d'Judde systematesch verfollegt ginn. Vum 8. August 1940 bis de 15. Oktober 1941 sinn iwwer 2500 Judden aus Lëtzebuerg geflücht, déi meescht an déi franséisch Zone libre, obwuel dat zu dëser Zäit scho vun der Besatzungsmuecht verbuede gouf. Anerer sinn direkt an d'Schwäiz, op Kuba oder an d'USA ausgewandert. Dat waren haaptsächlech jiddesch Flüchtlingen aus Westeuropa, dorënner och 1000 däitsch Judden.

De 5. September 1940 goufen och zu Lëtzebuerg d'Nürnberger Gesetzer ugewannt, déiselwecht Moossname géint Judde wéi an Däitschland goufen agefouert. All Judd, deen zu Lëtzebuerg gewunnt huet, huet missen eng Verméigenserklärung maachen. Jiddwereen, dee Proprietär vun enger Entreprise war, konnt all Moment gezwonge ginn, säi Betrib ze verkafen oder opzeléisen. Ausserdeem huet jiddweree seng Aktie bannent siwen Deeg bei enger Bank ofgi missen, déi se als jiddesch markéiert huet. Vum 1. Oktober 1940 u goufen d'Judde gezwongen, sou gutt wéi all hir Suen op Bankkontoen z'iwwerweisen, déi du gespaart goufen. Vun do u goufen och Razziaen vun der Gestapo duerchgefouert, bei deene Radioen, Bijouen, Vëloen, Schreifmaschinnen, Fotoapparater, Grammophoner, Streckeisen a souguer waarm Kleeder (am Wanter 1942) a Seef beschlagnahmt goufen. D'Kleeder goufe bal alleguer der Wehrmacht iwwerginn.

Den 22. Oktober 1940 gouf déi Ettelbrécker Synagog verwüst. Am Mee 1941 gouf déi Stater Synagog vun der Gestapo zougemaach, profanéiert an duerno ofgerappt, wat awer bis an den Hierscht 1943 era gedauert huet. Den 3. Juni 1941 gouf déi Escher Synagog dem Äerdbuedem gläichgemaach.

D'Memorial op der Pafemillen (Cinqfontaines)

De 7. Februar 1941 koum e Gesetz eraus, no deem de ganze Besetz vun deenen, déi 1940 oder virdrun emigréiert waren, konfiskéiert gi misst. Vum 18. Abrëll 1941 un huet dat och fir déi Judde gegollt, déi nach ëmmer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. Dat, wat konfiskéiert gi war, gouf entweder verkaaft oder vu verschiddenen Organisatioune vun der NSDAP benotzt. Am Fong sollt awer op d'mannst e groussen Deel vun de Sue fir d'Finanzéierung vun der Germanisatiounspolitik zu Lëtzebuerg benotzt ginn, de sougenannten Aufbaufonds Moselland. Am November 1941 goufen all jiddesch Organisatiounen opgeléist an dobäi iwwer 35000 Reichsmark kasséiert.

Am Oktober 1941 gouf en Auswanderungsstopp verkënnegt. Zu deem Ament hunn nach bis zu 700 Judden zu Lëtzebuerg gelieft. De 16. Oktober 1941 ass deen éischten Deportatiounszuch mat 334 Judde vun der Hollerecher Gare fortgefuer an an den däitsch-polnesche Ghetto Litzmannstadt deportéiert. Op der Pafemillen (Cinqfontaines) gouf en Zwëschelager am alen Häerz-Jesu Klouschter ageriicht, wou d'Judden op hire Weidertransport an d'Konzentratiounslager gewaart hunn. Zwëscht Oktober 1941 an Abrëll 1943 goufe 674 Judde vu Fünfbrunnen an den däitsch-polnesche Ghetto Lodz (Litzmannstadt), op Terezin an an d'Vernichtungslager op Auschwitz-Birkenau deportéiert. Dëst ass an aacht verschiddene Convoie geschitt.

Zu Lëtzebuerg hunn nëmme 36 Judden iwwerlieft. Wann een déi Judden, déi zu Lëtzebuerg selwer an déi an de Konzentratiounslageren ëmbruecht goufen an, wéi och déijéineg, déi a Frankräich deportéiert goufe mat arechent, da si während der Shoah zu Lëtzebuerg 1000 bis 2500 Judde gestuerwen. Déi meescht Lëtzebuerger hu sech géintiwwer dësen Aktioune relativ passiv verhal.

Och Behënnerter sinn exterminéiert ginn, mä genee Zuele sinn do net bekannt, well si zwangsweis an en Heem bei Ettelbréck gesat goufen an do, der offizieller Versioun vun den Nazien no [Source ?], bäi engem Bommenugrëff vun den Alliéierten ëm d'Liewe koumen.

1945, nom Krich hu vun deene sechs jiddesche Gemeinschaften (Stad-Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Mondorf, Miedernach a Gréiwemaacher) der nëmmen nach zwou existéiert, eng an der Stad an eng zu Esch, wou se och haut nach present sinn.

Nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich ass e neien Israelitesche Consistoire gegrënnt ginn, President war den Edmond Marx. Dëse Consistoire huet dat jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg erëm nei strukturéiert.

Den 28. Juni 1953 gouf déi 3. Stater Synagog ageweit an de 17. Oktober 1954 déi 2. Escher Synagog.

1958 gouf d'Juddemonument zu Miedernach ageweit, als Erënnerung un déi fréier Miedernacher jiddesch Communautéit déi integral ënner der Naziherrschaft ëmbruecht gouf.

An der Lëtzebuerger Economie a besonnesch an der Geschäftswelt hunn jiddesch Familljen eng wichteg Roll ageholl, wéi z. B. d'Familljen Bonn, Cahen, Finkelstein, Hertz, Levy, Rosenstiel, Sternberg asw.

Den 10. Juli 1998 gouf duerch e Gesetz d'Konventioun vum Staat mat dem Culte Israélite du Luxembourg unerkannt[1].

De 25. Januar 2013 huet den däitsche Kënschtler Gunter Demnig zu Ettelbréck an der Foussgängerzon eng "Stolperschwelle" geluecht fir de jiddeschen Affer vum Natinalsozialismus ze gedenken. Den 22. Oktober 2013 sinn zu Esch-Uelzecht 14 eenzel "Stolpersteine" verluecht ginn.

Jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Synagogen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Och wann déi éischt Quellen, déi vu jiddesche Bierger zu Lëtzebuerg bis an d'13. Joerhonnert zréck ginn, sou huet et awer bis an d'19. Joerhonnert gedauert, ier an der Stad déi éischt Stater Synagog gebaut gouf an doduerch déi jiddesch Communautéit och ëffentlech siichtbar gouf. D'Aweiung vun dëser Synagog an der rue du Petit-Séminaire (haut rue de la Congrégation) an der Stad war am Joer 1823. Well dës éischt Synagoge ze kleng fir déi 154 jiddesch Stéit, wouvun der 87 an der Stad gewunnt hunn, gouf 1893 déi zweet Synagog zu Lëtzebuerg an der deemoleger rue Marie-Thérèse (haut Aldringer-Strooss) gebaut. Dës zweet Synagog gouf am Mee 1941 vun der Gestapo zougemaach, profanéiert an am Hierscht 1943 ofgerappt.

Zu Lëtzebuerg stinn haut zwou Synagogen, déi aktiv benotzt ginn, eng an der Stad Lëtzebuerg an eng zu Esch.

Zu Munneref an Ettelbréck stinn nach Gebaier vu Synagogen, déi haut net méi benotzt ginn. Zu Gréiwemaacher ass sou ee Gebai ëmgebaut ginn.

Galerie vun de Synagogen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Jiddesch Kierfechter zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Familljegraf Lippman um Malakoff Kierfecht.

Zu Lëtzebuerg gëtt et fënnef jiddesch Kierfechter, zwéin an der Stad a jee een zu Esch-Uelzecht, zu Gréiwemaacher an zu Ettelbréck.

Deen eelste vun de Juddekierfechter ass de Kierfecht Malakoff a Clausen [2] a gouf 1817 vun der jidddescher Communautéit aus der Stad kaaft. Eng ronn honnert Griewer sinn op dësem Kierfecht. Si goufen an der Zäit tëscht 1820 bis ongeféier 1883/1884 ugeluecht. Well en ze kleng war, gouf de Kierfecht Bellevue am Joer 1883 um Lampertsbierg opgemaach. Dëse Kierfecht gëtt bis haut benotzt an ass dee gréisste vu ganz Lëtzebuerg.

De Kierfecht zu Esch-Uelzecht ass 1905 am "Lallenger Deich" opgaangen, allerdéngs huet en aus urbanistesche Grënn missen 1953 an den Norde vun Esch-Uelzecht, op Lalleng verluecht ginn. Virun 1905 hu missen all Judde vun Esch an der Stad Lëtzebuerg begruewe ginn.

Den Ettelbrécker Kierfecht staamt aus den 1880er Joren. Ier dëse gebaut ginn ass, hunn all Judde vun Ettelbréck missen um Clausener Kierfecht begruewe ginn. Bis haut sinn 190 Leit op deem Kierfecht begruewen.

De jiddesche Kierfecht vu Gréiwemaacher läit am Nordwesten am Ausgank vun der Uertschaft, lénks laanscht d'Weckerstrooss op enger Héicht vun 184 Meter tëscht dem Kenneschbongert an dem Grouweréck. ( Gnome-globe.svg 49° 40’ 53.71’’ N 06° 26’ 05.55’’ O) Well Communautéit vun de Judden zu Gréiwemaacher an allgemeng an der Regioun relativ kleng ass, sinn um Kierfecht just 38 Griewer. Déi Gréiwemaacher Judden haten och keng Synagog, mä hu sech an engem Privathaus versammelt. E puer vun deenen do begruewene Famille stamen aus dem Raum Tréier. Et ass net genee gewosst, wéi al de Kierfecht ass, well awer déi eelst Griewer ëm d'Joer 1900 stamen, ass och unzehuelen, datt de Kierfecht ëm d'Joerhonnertwenn opgaangen ass.

Lëtzebuerger jiddesch Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Zu de jiddesche Perséinlechkeete vu Lëtzebuerg gehéiere sécher d'Rabbiner vu Lëtzebuerg.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Groussrabbiner vu Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

Donieft gehéieren awer och Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Gesellschaft, wéi de Léon Lippmann, de Gabriel Lippmann, den Alex Bonn, de Paul Cerf, den Edmond Israel, den Guy Aach, den Alain Meyer, de Laurent Moyse asw.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cerf, Paul: De l'épuration au Grand-Duché de Luxembourg après la seconde guerre mondiale,1980, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 264 Säiten
  • Cerf, Paul: L'étoile juive au Luxembourg, 1986.
  • Cerf, Paul: Dégagez-moi cette racaille, 1995; Virwuert vum Serge Klarsfeld; Éditions Saint Paul, Luxembourg; 111 S. ISBN 2879632153
  • Cerf, Paul an Finkelstein, Isi: Les Juifs d'Esch - Déi Escher Judden. 1999.
  • Hoffmann, Serge: Luxemburg - Asyl und Gastfreundschaft in einem kleinen Land, 1996; Bäitrag an Solidarität und Hilfe für Juden während der NS-Zeit; Metropol Verlag, Berlin; 283 S. ISBN 3926893435
  • Moyse, Laurent, 2011: Du rejet à l'intégration - Histoire des Juifs du Luxembourg des origines à nos jours, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Verlag), 288 Säiten. ISBN 978-2-87963-810-2

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juddentum zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]