Jugendherberg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Jugendherberge sinn Installatiounen, déi Touristen fir eng gewëssen Zäit, d'Méiglechkeet bidden, bëlleg en Ënnerdaach fir d'Nuecht ze fannen. Se hunn dofir Zëmmeren, déi sief et als Dortoir vu bis zu sechs Persounen, oder als Duebel- oder och Eenzelzëmmer zur Verfügung stinn. D'Sanitäranlage kënne collectiv oder separat sinn, jee no der Formule déi ee sech eraussicht. Den Numm Jugendherberg seet ons datt se am Ufank just fir jonk Leit geduecht waren, déi reese wollten, an net vill Suen an der Täsch haten. D'Altersgrenz gouf am Laf vun der Zäit opgehuewen, sou dat hautdesdaags all Altersgrupp dervunner profitéire kann.

Auberge gi vun A.s.b.le geleet, déi Member bei der IYHF sinn. Dobäi kënnt, datt all Auberge sech gewësse Qualitéitscritèrë muss stellen, wéi Sécherheet, Propretéit, Zougänglechkeet, Confort a Privatsphär. All Auberge soll och de Grondgedanke vun Toleranz an Ëmweltschutz respektéieren. D'Zëmmeren hunn haut en zäitgeméisse Standard a vill vun hinnen hunn souguer en eegenen Sanitärberäich. Schlofsäck ginn et aus hygienesche Grënn keng méi, mä dofir ass d'Bettwäsch am Präis abegraff. Et gi speziell Familljenzëmmer, Duebelzëmmer an souguer Eenzelzëmmer. All déi nei Jugendherbergen si behënnertegerecht ageriicht. Mä entspriechend vun der Iddi vun de Jugendherbergen bleiwen d’Zëmmeren awer schlicht an einfach, z.B gëtt et kee Fernseh oder Minibar.

[änneren] Motto vun de Jugendherbergen

Zil ass et Leit vun all Alter, Behënnerten, Leit déi net sou vill Suen hunn, ze motivéieren eraus an d’Welt ze goen an aner Leit, Länner an Kulturen schätzen ze léieren. Et soll ee seng Toleranz erweideren a virwëtzeg ginn op all Neies. Och den Naturschutz war vun Ufank u wichteg fir d'Jugendherbergsiddi. Fir datt dat méiglech gëtt, existéiert e weltwäit Netz vun bëllegen Iwwernuechtungsméiglechkeeten wou keen Ënnerscheet tëschent Rass, Nationalitéit, Relioun, Geschlecht oder politescher Astellung gemaach gëtt. Doduerch soll méi Verständnes ënnerenaner entstoen, souwuel op nationalem wéi op internationalem Plang.

Dofir bidde verschidden Aubergen hire Gäscht z.B eng Kichen an där zesumme ka gekacht ginn [1], Säll mat Spiller, eng Bibliothek a.s.w., oder organiséiere gemeinsam Fräizäitaktivitéiten, Sportsorganisatiounen, oder Jugendtreffen.

[änneren] Geschicht vun de Jugendherbergen

Éischt Jugenherberg zu Altena

D'Joer 1909 gëtt als Gebuertsjoer vun der internationaler Jugendherbergsbeweegung ugesinn. An dem Joer ass den däitsche Schoulmeeschter Richard Schirrmann op d'Iddi komm, en Netz vu Jugendherbergen opzebauen, wou d'Kanner während de Schoulwanderungen sécher iwwernuechte kënnten.

1912 gouf dunn op der Buerg Altena, an Nordrhein-Westfalen déi éischt Jugendherberg op der Welt opgemaach. Mat villen Unhänger, war et méiglech datt e ganzt Netz vu Jugendherbergen an Däitschland an nëmmen e puer Joer entstanen ass.

1920 si weider Jugendherbergsverbänn an anere Länner entstanen, déi sech am Joer 1932 zu enger internationaler Aarbechtscommunitéit an 1934 zu engem Mammeverband , der International Youth Hostel Federation (IYHF) zesummegeschloss hunn.

[änneren] Jugendherbergen zu Lëtzebuerg

1933 gouf zu Lëtzebuerg déi éischt Jugendherberg opgemaach.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jugendherbergen zu Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

[änneren] Referenzen

[änneren] Um Spaweck

Commons: Jugendherbergen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen