Jugendherberg Stad Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
D'Jugendherberg an der Stad Lëtzebuerg
D'Récksäit vun der Jugendherberg (2017)

D'Jugendherberg Stad Lëtzebuerg, offiziell Auberge de jeunesse Luxembourg-ville, ass d'Jugendherberg an der Stad Lëtzebuerg.

Se steet nieft der Uelzecht an der rue du Fort Olisy am Quartier Pafendall a gëtt och als "Jugendherberg am Pafendall" bezeechent. Déi fréier Jugendherberg stoung e puer Meter weider an der Vaubansstrooss am Pafendall.

Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

D'Jugendherberg huet 240 Better, mat Zëmmere vu 4 oder 6. Déi meescht Zëmmeren hunn en eegene sanitäre Beräich. Follgend Zëmmere stinn zur Verfügung:

  • 30 × 4 Better mat Dusch an Toilette
  • 20 × 6 Better, 5 vun deene mat Dusch an Toilette

D'Jugendherberg huet eng Kantin wou ee mëttes an owes kann iessen. Et kritt een och Iesse fir matzehuelen. Se huet en Openthaltsraum mat Internetzougank, en ekipéierte Konferenzraum an e puer Versammlungsraim. Et steet en Ofstellraum fir Vëloen an e puer Parkplaze fir Bussen zur Verfügung. D'Jugendherberg offréiert och e Shuttle-Service.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jugendherberg Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien


Jugendherbergen zu Lëtzebuerg

Beefort - Esch-Uelzecht - Fiels - Huelmes - Iechternach - Lëlz - Schengen/Rëmerschen - Stad Lëtzebuerg - Veianen - Wolz