Jules Diederich

Vu Wikipedia
Jules Diederich
Gebuer 11. Abrëll 1864
Gestuerwen 9. Juli 1930
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Véidokter, Politiker


De Jules Diederich, gebuer den 11. Abrëll 1864 zu Fenteng a gestuerwen den 9. Juli 1930 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Veterinär[1].

De Jules Diederich huet zu Cureghem Veterinärmedezin studéiert an do den 22. Oktober 1887 säin Ofschlossexamen als Veterinär gemaach. Dono huet hie sech zu Lëtzebuerg als Véidokter etabléiert. Hie war vun 1902 bis 1912 Direkter vum Hollerecher Schluechthaus. Am Mäerz 1904 ass hie Staatsveterinär fir de Kanton Lëtzebuerg genannt ginn[1].

Vun 1902 bis 1904 war hien Deputéierten[2].

Zesumme mam Dr. Auguste Praum huet hien 1911 eng Broschür iwwer d'Tuberkulos beim Rand a beim Schwäin erausginn, déi s'unhand vun de Publikatioune vum däitsche Veterinär Hugo Rautmann (gebuer 1879), zesummegestallt haten. De Rautman war den Auteur, ënner anerem, vum Buch «Die Tuberkulose beim Rind und Schwein und ihre Bekämpfung in der Praxis» (Faber, Magdeburg 1909, Bücherei der 'Landwirtschaftlichen Umschau', Bd. 2).

Fir un hien z'erënnere gouf zu Hesper eng Strooss no him genannt: d'Rue Jules-Diederich

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires, 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Theves 1991, S. 212-213.
  2. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail. Luxembourg, 559 S.
  3. Memorial N°4 vun 1929 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen