Jules Bordet

Vu Wikipedia
Jules Bordet
Gebuer 13. Juni 1870
Soignies
Gestuerwen 6. Abrëll 1961
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Biolog, Immunolog, Dokter, Politiker, Universitéitsprofesser, Dermatolog
Member vun Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Académie nationale de médecine


De Jules Jean Baptiste Vincent Bordet, gebuer den 13. Juni 1870 zu Soignies an der Belsch, a gestuerwen de 6. Abrëll 1961 zu Bréissel, war e belsche Biolog, dee sech op d'Immunologie an d'Bakteriologie spezialiséiert hat. Fir seng Entdeckungen um Gebitt vun der Immunitéit krut hien 1919 den Nobelpräis fir Medezin. D'Bakterium Bordetella pertussis, de Verursaacher vun der Coqueluche, gouf no him genannt.

1900 huet hien zu Bréissel d' en Institut Pasteur gegrënnt, nodeems e virdrun zu Paräis geschafft a studéiert hat. Hien huet erausfonnt, datt net-spezifesch Serum-Komponenten in vivo déi am Ufank spezifesch Antigen-Antikierper-Reaktioun géife verstäerken an an e méi wierkungsvollen Ofwiermechanismus ëmwandelen. Hien huet dat Alexine genannt, haut si se als Komplementsystem bekannt.

1907 gouf e Professer fir Bakteriologie op der Université libre de Bruxelles. 1940 goung en a Pensioun.

Nieft dem Nobelpräis krut hie fir seng Entdeckungen eng sëllegen aner Auszeechnungen an Éierendoktertitelen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jules Bordet – Biller, Videoen oder Audiodateien