Jules Mersch (Publizist)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jules Mersch, gebuer den 29. Mäerz 1898 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 1. Mee 1973, war e lëtzebuergesche Publizist.
Hie war de Generaldirekter vun der Dréckerei Victor Buck an den Editeur vun der ''Biographie nationale'', an där en och déi meeschten Artikele selwer geschriwwen huet. Des Biographie ass iwwert déi Lëtzebuerger Famillen, dacks ënnertenee bestuet, déi vum 19. bis am Ufank vum 20. Joerhonnert d'politescht an d'wirtschaftlecht Soen zu Lëtzebuerg haten: d'Famillje Metz, Pescatore, Servais, Eyschen, asw.
Hie selwer war de Neveu vum Mathieu-Lambert Schrobilgen.
Säi Wierk [änneren]
- Biographie nationale du Pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours. Collection présentée par Jules Mersch, XXII fasc., 1947-1975.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- Biographie nationale du pays de Luxembourg komplett bei Luxemburgensia online.