Jules Prussen
De Jules Prussen, gebuer den 8. November 1911 zu Rodange, a gestuerwen den 1. Februar 1976 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Philosophieprofesser.
Hien huet am Stater Kolléisch an um Cours supérieurs enséignéiert, blouf awer am Kontakt mat senge Professere vun der Sorbonne, dem Jean Baruzi, dem André Lalande an dem Jean Wahl. Sou gouf hien invitéiert, um Collège philosophique eng Virliesung iwwer den Iertum ze halen.
De Jules Prussen gouf och regelméisseg vum Aline Mayrisch-de Saint-Hubert op d'Kolpecher Schlass invitéiert, wou e mam Henri Michaux, Jean Schlumberger, Marie Delcourt a Bernard Groethuysen zesummekoum.
Zäit senges Liewens huet hie wéineg publizéiert, an de Cahiers luxembourgeois, am Rappel, an dem Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, an am Lëtzebuerger Land. No sengem Doud hu seng fréier Schüler a Kollegen 3 Bänn Texter a Virliesunge vum Prussen publizéiert.
Publikatiounen [änneren]
- Jules Prussen 1951: Science et philosophie chez Descartes. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 55 (1950), S. 3-30. PDF 1704 KB
Bibliographie [änneren]
- Jean-Paul Harpes 2003: Jules Prussen, 1914-1976. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 261-264. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.